2020 war net nëmmen d'Joer vum Corona. D'Äerd ass esou séier duerch de Weltraum rotéiert ewéi zanter engem hallwe Joerhonnert net méi. Esouguer den Dag hat net exakt 24 Stonnen.

22/01/2021 Dréit eis Äerd ewell méi séier? De Reportage vum Radio

Den Eric Buttini aus dem Naturmusée erkläert, dass do dobäi och nach 28 Mol de Rekord vum kierzten Dag vum Joer gebrach gouf:

Direkt e puer Prozesser kënne matspillen

"... also d'Äerd am Ganzen all Kéiers ëm e bësse méi ewéi eng Millisekonn méi séier gedréint huet. Firwat dat genee passéiert, weess een am Prinzip net genee, do ginn et nämlech e puer Prozesser déi kënne matspillen. Laangfristeg Ännerungen vun der Äerdrotatioun ginn haaptsächlech duerch Kopplunge bannen an der Äerd tëscht dem haarden Äerdkär an dem flëssegen Äerdmantel beaflosst.  Méi kuerzfristeg Ännerungen hänken awer mat meteorologesche Phenomener zesummen."

© Pixabay

Mir mierken am Alldag näischt dovunner, dass d'Äerd méi séier dréint, mä a verschiddene wëssenschaftleche Beräicher ass et immens wichteg dass d'Atomauer mat der Rotatioun vun der Äerd iwwerenee stëmmt.

Manner laang Deeg

"An dofir gëtt da mat astronomesche Methoden d'Geschwindegkeet vun der Äerdëmdréiung extreem genau bestëmmt. An do huet sech dann erausgestallt, dass an deene leschte 5 Joer d'Längt vum Dag am Ganzen ëm zwou Millisekonnen ofgeholl huet."

Dat alles sinn awer méi kuerzfristeg Phenomener. Op laang Dauer gekuckt, iwwer Millioune Joren, ass et nämlech esou, dass d'Äerd méi lues dréint.

© Pixabay

Am grousse ganzen dréint et awer méi lues

"Virun enger hallwer Millioun Joren huet en Äerdjoer ronn 420 Äerddeeg gedauert. Also d'Äerd huet sech 420 mol ronderëm sech selwer gedréint wa se een Tuer ronderëm d'Sonn gemaach huet.  An der zanter der Entstehung vu der Äerd ass hir Ëmdréiung progressiv ëmmer méi lues ginn. An zoustänneg dofir ass haaptsächlech de Mound."

D´Kraaft vum Mound, déi fir Ebbe a Flut responsabel ass, wierkt nämlech och ewéi eng Brems.