Am Kader vum Weltkriibsdag hu mer och mat enger betraffener Persoun geschwat. D'Véronique Wagener krut am Dezember 2019 d'Diagnose Broschtkriibs. Wéi huet si dës schwéier Zäit erlieft? Wat gëtt si anere Betraffenen mat op de Wee a wéi geet et hir haut?

04/02/2021 Weltkriibsdag: Temoignage Véronique Wagener

Beim Véronique Wagener war et nom duschen de Moment bei deem si eng Verhäerdung an der Broscht gespuert huet. No engem Ultraschall ass festgestallt ginn dass eppes net normal wier. Duerno war et e Rendez-vous fir an d'Biopsie.

"All Mënsch huet seng ganz individuell Aart a Weis fir un Saache erunzegoen an dermat ëmzegoen, sou dass sech a mengen Äntwerten haaptsächlech mäin perséinlecht Erliewen spigelt. Hannert dem Entschloss meng Erfahrungen hei ze deelen, steet mäin déiwen Wonsch a meng kloer Intentioun aneren Kriibspatienten deen een oder aneren hëllefräichen Impuls ze ginn.

De Moment vun der Diagnos Broschtkriibs war ee Schockmoment. Een éischte verzweiwelte Gedanken „Dat ka jo net sinn“ an duerno Froen iwwer Froen déi mer duerch de Kapp geschoss sinn, an all dat selwecht bedeit hunn „A wat elo?“ A wat maachen ech elo? Wéi geet et weider?“
Dofir wëll ech hei d’Wichtegkeet vun dësem éischten Gespréich mam Dokter ënnersträichen, et brauch genuch Zäit a vill Empathie nieft präzisen Informatiounen."

Et géifen engem vill Froen duerch de Kapp goen wéi et da weidergeet.

"Ech hunn als éischt mat mengem Partner, also deem Mënsch mat deem ech zesummeliewen, driwwer geschwat. Mir hunn déi déif Traueregkeet a Verzweiwlung  zesummen gespuert an duerno gekuckt wéi mer lo weider virginn a wat als nächst ze dinn ass. Famill a Frënn sinn et no an no gewuer ginn. Ech sinn der Usicht, dass een spiert wéini een bereet ass fir driwwer ze schwätzen an och wat een erziele wëll.

An enger Famill mat Kanner ass et anescht, zemools wéinst de Kanner. Wann een alleng lieft, ass och erëm eng aner Saach. Et ass op alle Fall wichteg sech Uspriechpartner ze sichen a mat der Diagnose net alleng ze bleiwen. Ech hunn ganz vill Hëllef vun der Fondation Cancer kritt. Hir breet gefächert Offer fënnt een op hirer Internetsäit.

Am Allgemengen halen ech een oppenen Ëmgang vun Kriibspatienten mat hirer Krankheet fir wichteg, am Sënn fir Ënnerstëtzung, Begleedung, Informatiounen an och Hoffnung, dass een et packen kann, ze ginn an ze kréien."

D'Reaktioun vun de Leit wier och deels ënnerschiddlech.

"Ech hunn erlieft, dass verschidde Leit net sou richteg woussten wéi domat ëmgoen, wat soen a wéi reagéieren. Heiansdo hunn ech och un hire Blécker gesinn, dass se sech Froe gestallt oder Gedanke gemaach hunn, ouni se auszeschwätzen. Eventuell aus enger Aart Hëlleflosegkeet eraus oder Angscht eppes Falsches ze soen oder ze reagéieren. Ech hunn dat Gefill, dass Kriibs fir vill Leit eng Krankheet ass, mat der een sech réischt auserneesetzt wann een domadder konfrontéiert ass. Ob elo selwer, ee Familljemember oder e Mënsch aus dem sozialen Ëmfeld."

Kann een deene Betraffenen e Rot ginn fir domadder ëmzegoen, respektiv de Matmënschen ronderëm?

"Dozou wëll ech e puer Aspekter ervirhiewen. All Betraffenen geet anescht domat em an huet aner Bedürfnisser. Ech fir mäin Deel hunn ëmmer wëllen gutt informéiert sinn iwwert déi eenzel Behandlungsschrëtt. Dat huet bedeit vill Froen ze stellen. Och a punkto Niewewirkungen kann ee Villes, och scho präventiv fir sech maachen wann ee gutt informéiert ass an déi néideg, ech nennen et lo mol Selbstdisziplin opbréngt et och konsequent ze maachen.

Ech hu versicht gutt zu mir ze sinn. Ze kucken wat deet mengem Kierper a mengem Gemitt haut gutt?
            
Eppes ass sécher, och wann ech duerchaus ee ganz positive Mënsch sinn, ginn et Deeg wou ech net staark an tapfer ka sinn, och dat ass ok, och schwaach sinn gehéiert derzou. Et ass wat ass. Unhuelen wat do ass, bedeit jo net opzeginn.
 
Ofschléissend wëll ech nach d’Chancen vun der Fréierkennung ervirhiewen an domat Leit motivéieren fir déi breet Präventiounsoffer ze notzen.

Ech wënschen allen Betraffenen an hire Matmënschen ganz vill Kraaft op hirem Wee!"