An zwar wann een als éischt Persoun op eng Plaz kënnt wou eppes geschitt ass. Erausklammen aus dem Auto, an dann? Et wëllt ee net näischt an och näischt falsch maachen.

28/01/2021 Wat maache bei engem Accident? - De Reportage vum Radio

RTL huet  beim CGDIS nogefrot, beim Daniel Jungers. Et soll ee selbstverständlech stoe bleiwen a net weiderfueren, allerdéngs sinn d'Geforen op der Strooss fir ee selwer och net ze ënnerschätzen.

Den Daniel Jungers vum CGDIS: Wat een als éischt soll maachen

"Dofir bleift virum Accident stoen, loosst e bësse Plaz, stellt den Auto op der Säit of, loosst d'Luuchten un, maacht d'Warnblinkanlag un, dot Är Warnvest un a setzt och de Warndräieck. Esou hutt der d'Plaz schonn e bëssen ofgeséchert an Der kënnt a Rou weiderschaffen. Da gitt Der bei den Auto kucken- et ass ganz wichteg dass Der d'Situatioun kennt a kënnt e qualitativ héichwäertege Noutruff ofginn."

© Pixabay

Gitt vu vir op den Auto duer, net dass d´Persoun, déi am Auto ass, eng Blessure am Réck huet an déi sech eventuell verschlëmmert, wa se de Kapp dréint. Et soll een och kucken wéi vill Leit am accidentéierte Won sinn an wéi hiren Zoustand ass. Wann et geet, sollt Der och froen ob een ageklemmt ass oder awer vum selwen eraus kënnt.

Den Daniel Jungers vum CGDIS: Den 112 uruffen

"Dann ass och de Moment komm fir de Noutruff ofzesetzen. Rufft den 112 un, lauschtert der Persoun um Telefon no, äntwert op hir Froen. Soss kënnt Der de Patient berouegen, dass e weess dass een do ass an dass Hëllef ënnerwee ass."

Ass eng Persoun a Liewensgefor, bei engem Häerzstëllstand zum Beispill, kann den 112 een och iwwer Telefon bei der sougenannter "Télé-Reanimatioun" begleeden. Et gëtt een also guidéiert fir dass dat esou gutt ewéi méiglech iwwer d´Bün geet.

Wat se dacks beim CGDIS gesinn, ass dass déi Blesséiert aus dem Auto erausgezu ginn, dat soll een awer net direkt maachen.

Den Daniel Jungers vum CGDIS: Wéini eng Persoun aus dem accidentéierten Auto eraushuelen?

"Wann de Patient uspriechbar ass, vläicht iwwer Réckewéi klot, loosst en an där Positioun wéi en ass. Zwou Ausnamen gëllen awer: e Feier, wat ee net mam Feierläscher ka bekämpfen, oder en Häerzstëllstand. Do muss eng Crash-Rettung gemaach ginn: einfach de Patient geholl an esou séier ewéi méiglech eraus mat him aus dem Auto."

© Pixabay

Bei all deem kann et natierlech zu Situatioune kommen, déi ee nëmme schwéier verdaut an d'Biller engem net méi aus dem Kapp ginn. Dee Moment kann ee psychologesch Hëllef an Usproch huelen.

De CGDIS bitt och gratis Coursen un, déi Der kënnt besichen.  Hei léiert Der wéi Der op aner Geforesituatiounen aus dem Alldag reagéiert an hëllefe kënnt. Net ze vergiessen de klasseschen Éischt-Hëllef-Cours.

Weider informéieren an umellen kënnt Dir Iech hei:

© Pixabay