Am Kader vum Weltkriibsdag deen haut um 4. Februar ass, interesséiere mir eis ënnert anerem fir d'Fondation Cancer déi eng ganz wichteg Roll bei dëser Krankheet spillt. Eng vun hire Missioune ass et de Kriibspatienten an hirem Ëmfeld Hëllef unzebidden. Dorënner fält ënnert anerem och déi psychologesch Hëllef déi vum Service psychosozial vun der Fondatioun ugebuede gëtt. Nicky Soisson

04022021 Weltkriibsdag Och psychologesch Hëllef ass wichteg

D'Patiente kënne sech ab dem Zäitpunkt vun der Diagnose bei der Fondatioun melle wa se mierke si gi net gutt eleng eens. Ma och d'Leit sou wéi d'Kanner aus dem Ëmfeld vun engem kriibskranke Patient fannen hei Rot an Ënnerstëtzung wéi d'Martine Risch, Psychologin, Psychotherapeutin a Psycho-Onkologin vun der Fondation Cancer erkläert:

"Mir si wéi gesot ab dem Zäitpunkt vun der 1. Diagnose do a kënnen dann awer och laang begleeden, duerch d'Behandlung awer och no Ofschloss vun der Behandlung e Wee zréck an d'Liewen ze fanne mat de ganze Verännerungen eens ze ginn, ze akzeptéiere wat vläicht dono net méi sou ass wéi et virdru war bezéiungsweis och ze kucke rëm zum Beispill an d'Beruffsliewen zréckzefannen oder aner Problemer déi sech erginn hunn am Familljeliewen, an der Koppel, och do zesummen drun ze schaffen."

Kriibs ass dann och definitiv keng Krankheet déi een eleng duerchsteet, dat heescht Kontakt hu mat anere Leit ass grad hei immens wichteg:

"Den A an den O ass wierklech d'Kommunikatioun, am Gespréich bleiwen, am Kontakt bleiwen well ganz oft ass et op Säit vun de Kriibspatienten esou, dass se villes mat sech selwer wëllen ausmaachen well se hiert Ëmfeld net nach zousätzlech wëlle belaaschten. Wat awer oft dozou féiert, dass op där anerer Säit awer och eng Ongewëssheet eben do ass a selwer fillt ee sech eleng dran. An natierlech och déi aner Säit ze gesinn d'Ugehöreger oder d'Ëmfeld, d'Frënn déi oft och perplex sinn, genéiert si well se net wësse wéi soll ech domadder ëmgoen, wat soll ech soen an dann aus Angscht eppes Falsches ze soen, sech zréckzéien an näischt méi soen. An do soen ech bleift am Gespréich, schwätzt driwwer, maacht keen Tabu draus a wann Dir Iech genéiert fillt an net wësst wéi Dir et sollt soen, sot einfach."

Ma nieft dem Kontakt mat aneren ginn et awer och nach e puer weider Rotschléi wéi een dës dach net einfach Zäit psychologesch besser ewech stécht. Och wann ee sech net onbedéngt gutt spiert a midd ass, sou ass et wichteg weiderhin op e gereegelte Schlofrhythmus opzepassen an net ze vill an ze laang am Bett leien ze bleiwen well dat deet der Stëmmung och net gutt. Besser ass et, sech no sengem Rhythmus e bëssi ze beweegen, dertëschent Pausen anzeplangen an zum Beispill eng Taass Téi ze drénken.

"Wéi kann ech mech och e bëssi oflenken, wat kann ech mir Angeneemes doen. Sief et fir Entspanung, Entspanungstechniken awer och alles anescht wat engem gutt deet. Eng Bidden, e Buch liesen, Musek lauschteren, sech all Dag e klenge Moment vir huele wou een eppes mécht. dat kann eppes ganz Klenges sinn wéi e Puzzle, eng Stréck, e Bild molen, eppes bastelen oder kniwwelen. Mee grad sou dat mat den Hänn schaffen a wann een dann e Resultat gesäit, dat ass A eng Satisfaktioun a B gëtt et eis d'Gefill ech kann eppes maachen. An dat Gefill ech kann eppes maachen ass esou wichteg an enger Situatioun wou ganz vill Onsécherheet ass, well eis dat, zumindest e bëssi d'Gefill vu Kontroll erëm gëtt."

Kontaktéiere kann een de Service psychosocial vun der Fondation Cancer ganz einfach per Mail oder per Telefon. Am Moment gi, wéinst der Pandemie a fir eben déi dacks vulnerabel Patienten ze schützen, just Telefons- oder Videoconsultatiounen ugebueden.

Am Normalfall kommen d'Leit natierlech fir de Rendez-vous an d'Fondation Cancer. Do ginn dann och normalerweis Gruppen ugebueden, sief dat Gespréichs- oder Entspanungsgruppen souwéi Yoga a Sport. Um Site vun der Fondation Cancer fannt Dir alles wat een hei maache kann.