Den Naturpark Öewersauer encouragéiert säit Joren d'Baueren an d'Produzenten an der Regioun, méiglechst naturno an innovativ ze produzéieren an déi natierlech Ressource wéi Waasser an Energie ze respektéieren. Aus dëser Philosophie eraus ass well viru méi wéi 30 Joer de Label "Vum Séi" entstanen. A genee dëse Label krut dann elo, Nicky Soisson, nieft deene well bekannte Produite wéi ënnert anerem den Téi vum Séi, d'Véi vum Séi oder d'Bléi vum Séi, weideren Nowuess: d'Käre vum Séi.

12022021 Kaere vum Sei

An der fuschneier Käregenossenschaft "Käre vum Séi" sinn eng ganz Rei Acteure mat dobäi: engersäits den Naturpark Öewersauer als Coordinateur vum Projet sou wéi de Waasserversuerger SEBES deen d'Drénkwaasser an der Stauséiregioun produzéiert an d'Baueren déi verschidde Kären no strenge Krittären ubauen.

Alles an allem hu sech 19 Betriber ënnert der Bezeechnung „Käre vum Séi“ zesummegedoe fir Weess, Spelz a Kar an der Regioun vum Naturpark Öewersauer ënnert erhéichte Waasserschutzstandarden unzebauen. D'Grondiddi vun dësem neie Projet koum dann och vum Naturpark Öewersauer deen d'Interessie vun deenen 3 verschiddenen Acteuren zesummebréngt a wou et drëms geet eng Win-Win Situatioun fir jiddereen op d'Been ze stellen. Frank Elsen landwirtschaftleche Beroder am Naturpark Öewersauer:

"1. D'Baueren aus der Stauséiregioun déi no Waasserschutzbedéngunge Liewensmëttel produzéiere mussen, 2. SEBES déi gär proppert Waasser opbereet, 3. De Bäcker dee gär regional Kären akeeft an de Baueren e faire Präis ubitt. Den Naturpark huet e strengt Laaschtenheft fir d'Baueren opgestallt wou déi Käre mat manner Stéckstoffdünger a manner Planzeschutzmëttel ugebaut ginn. Als Konsequenz erziilt de Bauer manner Ertrag wat de Bäcker iwwert e méi héije Präis kompenséiert."

D'Genossenschaft huet sech zum Zil gesat  Buedem a Waasser ze schützen an d'Vermaartung selbststänneg ofzewéckelen. Op dës Manéier bedeelegen d'Bauere sech aktiv um Waasserschutz an der Stauséiregioun a kréien als Géigeleeschtung och eng fair Bezuelung.

Dës gëtt dann duerch d'Bäckerei Jos & Jean-Marie - Gebäck vum Séi garantéiert wéi d'Trixy Pierson, zoustänneg fir Regional Produiten an deenen 3 Naturparken, erkläert:

"D'Käregenossenschaft hunn eng Zesummenaarbecht mam Gebäck vum Séi, och bekannt als Bäckerei Jos & Jean-Marie. Hier Philosophie war et nach ëmmer sou vill wéi méiglech regional Produiten ze verschaffen. D'Bäckerei hat och scho virdrun eng Kooperatioun mam Spelz vum Séi deen et leider net méi gëtt. An elo mat de Käre vum Séi hu sech d'Baueren einfach vill méi breet opgestallt an natierlech ass dann do direkt déi Zesummenaarbecht entstanen tëscht der Bäckerei Jos & Jean-Marie an der Käregenossenschaft. Der Bäckerei war et och wichteg an deem Kader de Baueren e faire Präis fir hier Kären ze bezuelen. Mat där Zesummenaarbecht ass och en neie Produit entstanen an zwar d'Spelzkëscht. Dëst ass e Spelzbrout dat no enger aler Traditioun a mat 100% Spelz aus dem Stauséigebitt hiergestallt gëtt."  

Et dierf een dann och gespaant sinn, wat dann an Zukunft nach vu Produiten op de Maart komme wäerten.