Dem Lexikograph seng Aarbecht ass et Dictionnairen auszeschaffen. Bei där Aarbecht ginn et e puer zentral Froen: Wie schafft mat engem Dictionnaire, wien ass Zilpublikum a wat soll ee kënnen domat maachen. Geet et ëm d'Orthographie, oder ëm d'Bedeitung vun de Wieder, oder soll een domat iwwersetzen? Wann all Krittär beäntwert an erfëllt ass, da suergt de Lexikograph dofir dass all Wuert an all Ausdrock deementspriechend beschriwwe gëtt. Michèle Schons?

19022021 Letzebuerger Online Dictionnaire a Woerterbuchnetz

Beim Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch ass d'Equipe vun de Kompetenze ganz breet opgestallt. Wann sech Froe stellen zum Gebrauch, zum Sënn oder zu der Schreifweis vun engem Wuert, ass ëmmer een do deen eng fundéiert Äntwert ka ginn. Iwwert den LOD, de Lëtzebuerger online Dictionnaire kann dann och jiddereen dobausse vun deem Wësse profitéieren. Op e groussen Deel vun der Dokumentatioun kann och elektronesch zeréckgegraff ginn, wat nees gewësse Virdeeler mat sech bréngt, Wéi de Lexikograph Alexandre Ecker eis erkläert huet.

D'LOD Date goufe ganz rezent elo och an e Wörterbuchnetz vum Kompetenzzentrum für elektronische Erschließungs- und Publikationsverfahren in den Geisteswissenschaften vun der Uni Tréier integréiert.

RTL

© woerterbuchnetz.de (Screenshot)

Den Dictionnaire, deen deene meschte Leit hei zu Lëtzebuerg nieft dem LOD am bekanntsten ass, ass den LWB (Luxemburger Wörterbuch), deen tëschent 1950 an 1977 publizéiert gouf. D’Uni Lëtzebuerg, zesumme mat der Uni Tréier, huet den Inhalt digitaliséiert a gratis zougänglech gemaach. Deen ass scho méi laang am WBN mat dran.

Fir d'Integratioun vum LOD an dat Netz goufen d'Date genotzt, déi den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gratis um OpenData-Portal vum Gouvernement zur Verfügung stellt. Dës Aarbecht gëtt permanent weider ausgebaut an aktualiséiert.

Iwwer esou Vernetzungen ass et méiglech, dem User vill Infoen iwwer Wierder an Ausdréck ze liwweren, ouni datt dee seng Recherche a ville Ressourcë muss widderhuelen.