Ënnert anerem Temperaturschwankungen, ewéi mer se an der Lescht haten, maachen dem Kierper ze schafen. Mir hu nogefrot wéi genee sech dat op eis auswierke kann.

19/02/2021 Grouss Wiederchangementer an eis Gesondheet

D'éischt naass a kal, dono dréchen an äiseg an elo erëm méi mëll. Ma net nëmmen am Wanter si mer grousse Wiederchangementer ausgesat. Dat wierkt sech op d'Gemitt an op de Kierper aus a kann engem richteg ze schafe maachen.

Fir dass all eis Organer optimal kënne funktionéieren, muss d'Kierpertemperatur méiglechst konstant bleiwen. Alles wat no uewen oder no ënne geet, huet Auswierkungen op eist Wuelbefannen. De Kierper muss deels schwéier schaffen.

© Pixabay

Wann de Kierper seng Kraaft dofir opbréngt fir seng Temperatur ze reegelen, dann huet e natierlech net méi esou vill Kraaft fir aner Saachen. Vill Leit reagéieren op Temperaturënnerscheeder; se gi midd, si méi séier gereizt an hu Problemer sech ze konzentréieren. Bei Ënnerscheeder vum Loftdrock kann et ënnert anerem zu Kappwéi kommen.

Dat hänkt natierlech och ëmmer dovunner of wou ee lieft, an eise räiche Länner si mer besser géint Hëtzt a Keelt geschützt. An awer kënne mer eppes maachen fir eise Kierper ze stäerken, eis gesond ernieren an an d'frësch Loft goen.

© Pixabay

Et hänkt  also net nëmme mam Wieder, mä och mam Zoustand vum Kierper zesummen wéi staark een d'Symptomer bei engem Wiederëmschwong spiert. D'Wieder eleng kann ee net responsabel maachen, et ass villméi e komplext Zesummespill.