Raus aus der Stad a ran an d'Natur. Dat ass wuel de Motto fir vill Leit an der Vakanzenzäit. D'Natur huet jo och eppes Berouegendes, op dat elo d'Bierger, de Bësch oder d'Plage sinn. Naturphenomener faszinéieren eis an Zäit an der Natur entspaant. Mee d'Stad muss dat jo net ausschléissen. Et ass och méiglech vill gréng an der Stad ze hunn. 

23/02/2021 Gréng Stied Versioun

D'Beem an der Stad hunn et net ganz einfach. Op deene Plaze wou si stinn, ass dacks de Buedem ronderëm si versigelt, dat heescht hir Wuerzele kënnen net ongestéiert wuessen. D'Reewaasser sickert net ganz esou gutt duerch an si gi méi séier dréchen. Virun allem am Summer ass et souwisou méi waarm an der Stad wéi um Land. Dobäi kommen nach Ofgasen an duerch e Manktem un Alternativen halen si dacks och nach als Muppentoilette hir. Planzen am urbane Raum stinn dacks ënner Drock a gi staark belaascht. Dofir packt och net all Zort dëse Stress. Trotzdeem wär et an der Stad vu Virdeel fir Gréngs ze hunn, d'Michelle Schaltz vum Mouvement Ecologique. Michelle Schaltz Ma eng gréng Stad oder och e gréngt Duerf bréngt net just Liewensraum fir Planzen an Déieren, déi och an der intensiv genotzter Landwirtschaft net méi vill Fudder a Plaze fir sech ze verstoppen, fannen. Ma d'Vegetatioun am urbane Raum ass och fir de Mënsch fir seng physesch a psychesch Gesondheet extrem wäertvoll. D'Planze verbesseren zum Beispill d'Loftqualitéit andeems si Schuedstoffer, Co2 ophuelen oder bannen a Sauerstoff produzéieren. Si halen awer och d'Reewaasser zeréck. Sou, dass dat versickere kann an och d'Grondwaasserreserven nees opfëllt. Do verdonst awer och en Deel vun deem Reewaasser a killen doduerch och hiert Ëmfeld.

© pexels.com

Beem schlécken och de Kaméidi a suerge fir eng besser Liewensqualitéit. Datt Planzen och e positiven Effekt op eist Wuelbefannen hunn, ass scho méi laang gewosst. Eng Etüd vun der Universitéit Leipzig vun Enn 2020 huet och elo den Zesummenhang tëscht Stroossebeem a mentaler Gesondheet ënnersicht. Leit, déi eng méi héich Densitéit u Beem an hirer Wunngéigend gehat hätten, hunn manner dacks un Depressioune gelidden, oder kruten dann och verhältnisméisseg manner Antidepressiva verschriwwen. Den éischte Moment falen engem do virun allem Beem oder Parken an. Awer net just, méi Gréngs an der Stad kann och méi wäit geduecht ginn.

Michelle Schaltz Mee zum Beispill och Verkéiersinselen, déi kënne mat Stauden oder mat Hecke begréngt sinn. An och Gäert op dat elo Privatgäert sinn oder gréisser Gäertanlagen. Oder et gi jo och elo mëttlerweil ëmmer méi Gemeinschaftsgäert, wat och ee flotten Trend ass. Zum Gréngs an de Stied gehéieren awer och Flëss a Baachen oder och Reewaasserréckhaltebecken, déi naturno an oppe gestalt sinn. Oft goufe Flëss oder Baachen nämlech ënnert dem Buedem verluecht am urbane Raum oder a Betongsbetter geluecht. Mee do gëtt et mëttlerweil och erëm een Trend, do gi verschidde Baachen hautdesdaags nees renaturéiert

© RTL Archiv /Stad Lëtzebuerg

Sou Beispiller sinn een Deel vun der Zéissenger Bach, de ganze Projet ronderëm de Péitrussdall oder Stécker vun der Uelzecht. Mee och méi kleng Initiative kënne schonn een Impakt hunn.

Michelle Schaltz: Wann ee Proprietäre vun engem Haus ass, kann ee mat der Fassadenbegréngung natierlech scho ganz vill ëmsetzen. Wat natierlech méi einfach ass, ass natierlech den eegene Gaart a Virgaart, méi naturno ze gestalten. Dat mécht wierklech schonn een Ënnerscheed, vläicht wann ee just puer Quadratmeter huet, wann een da vläicht den Noper inspiréiert fir et änlech ze maachen. Deen sech soss vläicht ee Schottergaart ugeluecht hätt. Dann erreecht een do awer scho vill. An dat sinn awer och sou kleng Biotoptrëttsteen. An déi dann sou duerch d'Staat verdeelt sinn. Also do kann ee mat sengem eegene Gaart scho vill maachen. Oder wann et just ee Balcon ass oder ee Fënsterbriet.

Méi Informatiounen zum Webinair fannt dir hei: