Am Kader vum Internationale Fraendag organiséiert d'Stengeforter Gemeng zesumme mat hirer Chancegläichheetskommissioun a mam Foyer Sichem vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte eng Expo iwwert d'Gewalt un de Fraen. 

08/03/2021 Weltfraendag: Expo Stengefort "Derrère les chiffres"

Ënnert dem Numm "Derrière les chiffres" ginn dann hei vun der franséischer Kënschtlerin Fanny Vella illustréiert Portraite vu Fraen presentéiert déi der Gewalt zum Affer gefall sinn. Hier Portraite erënneren dorunner, dass hannert den Zuele Fraen, Meedercher a Frëndinnen sinn déi e Liewen haten. Dat temoignéieren dann och déi kommentéiert Illustratiounen op deenen ee liese kann wat dëse Fraen am Liewe wichteg war a wéi si virun allem gelieft hunn. Och wann de Sujet e ganz eeschten ass, sou ass d'Ëmsetzung op eng ganz flott Aart a Weis gelongen déi keen dierft kal loossen.

De Sammy Wagner, Schëffen fir Chancëgläichheet an der Gemeng Stengefort erkläert wéi d'Iddi vun dëser Ausstellung entstanen ass:
"Et ass ugangs des Jores ëmmer e ganz spezielle Moment wann de Weltfraendag an d'Haus steet an et war fir eis och kloer als Gemeng, dass mir och dëst Joer nees wéilten am Kader vum Weltfraendag eppes wéilten organiséieren. Mir waren dëst Joer an där Covid Situatioun an d'lescht Joer virun allem an domat sinn natierlech déi psychesch Belaaschtunge vun de Leit erop gaangen an ech mengen et huet een am Ausland an och hei zu Lëtzebuerg d'Echoen héieren, dass virun allem d'Gewalt viru Frae, leider ëmmer nach majoritär Fraen, an d'Luucht gaangen ass sou dass et kloer war, dass mer missten an deem Beräich nach méi Sensibiliséierungsaarbecht maachen. Covid hin oder hier, et däerf elo net stoe bleiwen, grad elo musse mer Gesiicht weisen a soen "et kann net sou weidergoen". An dofir hu mir elo hei eben dës Ausstellung op d'Bee gestallt."

D'Kënschtlerin Fanny Vella ass Auteur an Illustratrice vu Lyon an deelt hier Illustratiounen op de soziale Medie wéi Facebook oder Instagram. Dat si Biller op deene si sech mam Liewen an der Koppel oder als Elteren op eng liicht witzeg Aart a Weis ausenanersetzt. Ma och d'Schwangerschaft oder d'Erzéiung vun de Kanner gehéieren zu beléifte Sujeten.
Interesséiert Leit déi d'Ausstellung mat deene flotten Illustratioune wëllen an d'Villa Collart op Stengefort kucke goen, kënnen dat nächste Freiden, Samschden a Sonnde maachen all Kéier vu 14 bis 18 Auer an an der Woch och gären op Rendez-vous.
"Eng Offer déi mir och fir d'Jugendhaiser a Schoulklasse gären opmaachen an hinne gäre wëllen d'Méiglechkeet ginn dorunner deelzehuelen."

Hei kënnt Dir Iech umellen:

Tel.: 399313-260 oder per Mail: jil.thurmes@steinfort.lu