D'Place d'Armes ass eng richteg Visittekäertchen vun der Stad, déi een houfreg deene Friemen weist, wa se dann dierfen bei eis an d'Land kommen. Dësen 07. Abrëll ass e wichtegen Stéchdatum deen Hoffnung maache soll, dass ee sech nees bei engem Glieschen oder engem gudde Maufel Rendez-vous ka ginn, wann och nach nëmmen tëscht Moies 6 an Owes 6. Zesummen mat eisem RTL-Reporter geheie mer e Bléck op déi grouss Plaz déi am Summer meeschtens schwaarz vu Leit ass.

07/04/2021 D'Plëss weist sech vun hirer schéinster Säit
RTL

RTL

RTL