Jonk Mënschen dozou animéiere fir ze liesen, dat ass de But vum Welt-Kannerbuchdag, deen haut um 2. Abrëll gefeiert gëtt. En Dag dee besser net ausgewielt konnt ginn, well et nämlech de Gebuertsdag vum Märchenerzieler Hans Christian Andersen ass, Michèle Schons?

02042021 Haut ass de Weltdag vum Kannerbuch

Gebuer ass den Auteur den 2. Abrëll 1805 zu Odense, an Dänemark. Hie war de Bouf vun engem aarme Schouschter, dee gestuerwen ass wéi den Hans Christian 14 Joer al war. 

Ouni Sue war et deemools schwéier fir d'Schoulbänk ze drécken, an awer war de Jong fläisseg a wollt Eppes léieren. Ausserdeem ass en déi Zäit scho wéinst senge Gedichter opgefall.

Den Dänekinnek Friedrich de VI war esou begeeschtert vum Andersen sengem Talent, dass en em d'Visitt op der Latäinschoul erméiglecht huet, an och fir säi Studium goufen d'Käschten iwwerholl.
De jonke Schrëftsteller konnt dunn duerch Däitschland, Frankräich an Italie reesen wat en anengems och ëmmer nei inspiréiert huet.

Weltberüümt gouf e mat sengen 168 Märercher, dorënner Des Kaisers neue Kleider oder d'Prinzessin op der Ierbes.

RTL

© pixabay

D'Initiative fir dëse Kannerbuchdag, déi kënnt iwwregens vum International Board on Books for young people aus dem Joer 1967, där hire But et ass fir op der ganzer Welt d'Interessi u Bicher a Literatur ze vermëttelen.

An deem Sënn... Happy Bithday Hans Christian Andersen, a wann se net gestuerwe sinn... de lieSen se nach haut!

RTL

© pixabay