Et ass eent vun deene bekanntste Schëffer op der Musel, op d'mannst fir eis Lëtzebuerger. D'M.S. Princesse Marie-Astrid gëtt et elo scho méi wéi 50 Joer. Et ass awer net méi genee dat selwecht Schëff, mee an Tëschenzäit ass do vill geschitt. De Moie lauschtere mir era wat eis RTL Reporterin eis vum Besuch um Schëff matbruecht huet. Dëse Weekend fiert et nämlech endlech nees no enger laanger Wanterpaus. Fir d'éischt kucke mir awer mol zréck an déi laang a beweegte Vergaangenheet vun der Marie-Astrid.

14/04/2021 Op der Marie-Astrid D'Geschicht hannert der M.S. Princesse Marie-Ast

D'Musel mat senge Wäibierger, de Landschaften, de Kellereien an der Natur ronderëm de Floss ass mëttlerweil eng beléifte Plaz fir vill Touristen. Dat war awer net ëmmer sou, wéi d'Entente touristique de la Moselle an de 1950er Jore gegrënnt gouf, waren si déi éischt Tourismusorganisatioun am Land. De Secteur war zu där Zäit einfach nach net sou opkomm. De Léon Gloden ass elo selwer zanter knapp 10 Joer President vun der Entente an erzielt wéi et iwwerhaapt zum éischten Touristeschëff op der Musel komm ass. Léon Gloden: A ganz schnell ass dann hei och d'Iddi opkomm, doduerch, dass d'Musel kanaliséiert ginn ass an de 1960er Joren, fir ee Muselschëff op d'Musel ze kréien, fir eben Touristen hin an hier ze féieren. Fir d'éischt hu mir e Schëff gelount, bei der Stad Tréier an dunn ass awer decidéiert ginn, selwer ee Schëff ze kafen.

RTL

De Léon Gloden, de 7. President vun der Entente touristique de la Moselle zanter der Grënnung.

An dat war dunn 1966 dat Schëff wat mir nach haut als M.S Princesse Marie-Astrid kennen. Et war nämlech d'Schwëster vum Grand-Duc Henri, déi d'Schëff sollt aweien. Deemools selwer grad mol 12 Joer al. 

RTL

Mëttlerweil fiert schonn dat 5. Schëff mat deem Numm op der Musel an all Schëff huet si och bis elo selwer gedeeft. Beim leschte Schëff waren dunn déi eege Kanner an Enkelen dobäi. Si gouf ganz bewosst fir dës Charge gefrot.

Léon Gloden: Et war einfach fir de Lien och mat deem Groussherzoglechen Haff ze maachen, well si och grousse Bekenner zu der Musel sinn. Si kommen oft op d'Musel a gudden an och a schlechten Zäiten, wann zum Beispill Héichwaasser ass. An et ass och einfach een Numm, deen och no baussen eng gewësse Wierkung huet. Et huet eppes ganz Nobles an et steet och fir d'Philosophie vun dësem Schëff.

RTL

RTL

RTL

RTL

Dat éischt Schëff stoung awer guer net mol ënnert sou engem gudde Stär. 20 Joer no der Aweiung ass et iwwer Nuecht ofgebrannt.

Léon Gloden: Ech ka mech nach ganz gutt erënneren, ech war e klenge Bouf an ech sollt mat mengen Elteren an d'Vakanz fueren an do ass Owes am Virowend d'Schëff verbrannt. An do si mir extra nach Moies op den ale Quai honnert Meter vun hei, d'Schëff kucke gaangen. An et war wierklech en Drama fir d'Musel. Jiddereen huet sech mat deem Schëff Marie-Astrid identifizéiert an do ass natierlech Decisioun geholl gi fir en zweet Schëff ze kafen.

RTL

Dëst Schëff sollt dunn nach op eng ganz aner Manéier an Erënnerung bleiwen. Hei gouf nämlech 1985 de Schengen Accord ënnerschriwwen. Nach haut ee vun deene wichtegste Verträg an der Europäescher Unioun, deen dofir steet, dass Leit bannent der EU fräi zirkuléiere kënnen.

Léon Gloden: Wéi de Schengen Accord sollt ënnerschriwwe ginn, huet sech d'Fro gestallt. Wou maache mir et? Maache mir et an Däitschland, maache mir et zu Lëtzebuerg oder a Frankräich? An do war een héije Beamten aus dem Justizministère, deen hat déi flott Iddi fir et um Schëff ze maachen, wëll d'Schëff um Waasser läit, also um Dräilännereck. Amplaz, dass et an engem Land ënnerschriwwe gëtt. An ech mengen doduerch ass dann och d'Uertschaft Schengen zu deem Prestige komm, dee mir haut kennen. A mir sinn natierlech och stolz als Entente, dass dat op deem Schëff ënnerschriwwe ginn ass.

RTL

De Schengenaccord gouf op der 2. Marie-Astrid ënnerschriwwen.

Mëttlerweil ass et dat 5. Schëff dat ënnert dem Numm Princess Marie-Astrid fiert. Ausser dat eent, dat de Flamen zum Affer gefall ass, ginn et déi aner nach. Eent dovunner fiert zum Beispill zu Hamburg op der Elbe. D'Kolleege vum RTL Magazin waren sech dat virun zwee Joer ukucken.