Op der alleréischter M.S. Princesse Marie-Astrid hunn 350 Passagéier Plaz fonnt. Iwwert Joren sinn ëmmer mol nees nei Schëffer kaaft ginn. Zanter 2010 mécht dat 5. an aktuellt Schëff säin Tour iwwert Musel. Bëssen méi grouss ass et iwwert Joren och ginn, 500 Leit fannen mëttlerweil Plaz u Bord. Virun allem interesséiert een an dësen Zäiten awer Terrasse oder an dësem Fall wéi et op Deck ausgesäit. Do sinn d'Plazen zwar limitéiert, ma wéi och am Restaurantssecteur geet et awer do och elo nees lass.

15/04/2021 Op der Marie-Astrid: d'Schëff fiert nees
RTL

© Lea Schwartz

Josiane Zeimet - Entente Touristique de la Moselle Luxembourgeoise asbl

RTL

© Lea Schwartz

Grad esou wéi an de Restaurante gi bannen nach keng Gäscht empfaangen. Dofir kann een awer ab dem Weekend uewen un Deck matfueren.

RTL

RTL

© Lea Schwartz

De Jürgen Emmes ass de Schiffsführer.

Méi Informatiounen zum Programm fannt dir hei: