De Motorsport krut jo vun dëser Saison un bei RTL méi eng grouss Bedeitung. Mee laang virun enger Formel 1 goufe schonn op 2, 3 a 4 Rieder Course gefuer.

Deemools net op engem Circuit, mee op der ganz normaler Strooss.
De Christian Schmit iwwer den Ursprong vum Motorsport an di éischt Coursen.

16/04/2021 Den Ursprong vu Motorsport Kompetitiounen 1. Deel

Jo an hat Rendezvous bei deem Mann, dee virun enger Rei Joren d’Buch 100 Joer Motorsport zu Lëtzebuerg virgestallt huet. De Goy Feltes, dee selwer nach gäre bei Oldtimer Veterane Coursen hannert dem Volant setzt.

Mat der Arrivée vun deenen éischte Gefierer um Enn vum 18 Joerhonnert, huet e nach net vu Course geschwat?

Di éischt dat ware jo mol zouverlässeg Faarten, fir ze kucke wéi weit e komm ass. An do waren et d'Fransousen déi di bei den éischte Vehikelen de Motor méi séier dréine gelooss hunn, an esou méi séier konnte fueren. A ganz Frankräich sinn da Rennen organiséiert ginn vu Stad zu Stad. An esou ass et ugaangen. 1895 sinn di éischt Coursen wéi Paräis-Rouen gefuer ginn.

Et ass du no a no zu Kompetitioune komm. Dat op der normaler Strooss. Déi waren dacks schlecht an der Rei, mee ausser e puer Päerd a Kutsche war jo och näischt an de Féiss.

An et gouf jo och kee Code de la route, et gouf bal lenks bal riets gefuer. D'Kutschen hu missten op d'Säit fueren. Mee deemools ware jo keng Leit ënnerwee, déi puer Kutschen déi puer Päerd, an dofir sinn déi aner Course gefuer wéi si wollten.

Trotzdeem gouf een dacks ongewollt ausgebremst, an zum „Boxestopp“ gezwongen?

Wëll bei deene Stroossen hate si méi wéi 1 Platten an der Stonn wou si gefuer sinn. Duerch d'Lächer an duerch d'Päerd déi hir Neel vun den Houfeise verluer hunn. A wou ass de Nol hi gaang, ganz dacks an de Pneu.

Iwwerhaapt war Course fuere mat den deemolege Vehikelen eng Aventure. A mam Tricycle, där den Goy Feltes der nach am Original a senger Kollektioun huet goung et lass.

Dat war e Vëlo mat 3 Rieder. Do hu si e Moto dra gebaut. Hu sech dru ginn, pedalléiert an ee géint deen anere gefuer. Duerno sinn et du 4 Rieder ginn. A natierlech si se deemools ëmmer zu zwee gefuer. De "Schmier Maxe" huet missten dobäi sinn, wëll deen huet misste Bensin pompelen, Ueleg nodrécken. Deen hat Aarbecht genuch, fir dass de Pilot konnt renkelen a Gas ginn fir de Motor bei Laun ze halen.


Bis an d‘1920er Jore waren si also zu zwee an engem Course Won.

Dono koumen dann d'Monopostoen, déi mir haut kennen.

An der Lëtzebuerger Automobil Sport Chronik stéisst een och scho fréi op de Passage vun enger historescher Course?

Paräis-Berlin déi ass duerch Lëtzebuerg gefuer ginn, Mee reng op Lëtzebuerger Territoire mat Lëtzebuerger Organisatioun, dat war 1912 aus dem Heischtergronn erop bis op Heischent.

RTL