Wéi geet et weider mat der CSV no der Causa Engel? Um Parteikongress muer presentéiert sech eng Equipe ronderëm den Deputéierten a fréiere Spëtzekandidat Claude Wiseler, fir d'Geschécker vun der Partei ze leeden. Ass dat déi richteg Strategie oder brauch déi gréissten Oppositiounspartei eng staark Persoun un hirer Spëtzt? Wäert et der neier Equipe geléngen, Rou an d'Partei ze bréngen, nodeems de Sträit mam Frank Engel mat enger Denonciatioun beim Parquet op en Enn gaangen ass? Dorëms goung et gëschter am Kloertext op der Tele, mam Europadeputéierten a Kandidat fir Generalsekretär Christophe Hansen, der Stater Gemengeconseillière a Kandidatin fir Co-Presidentin Elisabeth Margue, dem laangjäregem Parteimember a Matgrënner vum Dräikinneksgrupp Pierre Lorang a mat Extraiten aus engem Interview mam fréiere Staatschef Jean-Claude Juncker. D'Fanny Kinsch resuméiert.

23/04/2021 Kloertext iwwert d'CSV Reportage: Fanny Kinsch ONLINE

"An enger Partei mécht een dat net. Hien an déi aner hätten dee Problem anescht kënne léisen. Ech war am Ufank rosen doriwwer, ech sinn einfach traureg."
Seet de Jean-Claude Juncker dozou, datt den elo Ex-Parteipresident Frank Engel vu Parteimembere beim Parquet denoncéiert gouf, wéinst sengem Aarbechtsvertrag mat der asbl CSV Frëndeskrees. De Pierre Lorang ass sech sengersäits och net sécher, datt déi Rechnung opgeet.
"Wann een am richtege Liewen eng Atombomm zünd, da muss ee kucken, dass een a sécherer Distanz ass. An hei huet d'Fraktioun, oder déi Leit, déi dat initiéiert hunn, hunn a mengen Aen am iwwerdroene Sënn eng politesch Atombomm gezünt. Dat heescht si hunn déi ultime Waff agesat fir dee Problem, dee sécher ee war, ze léisen. Ech sinn awer net sécher, ob se opgepasst hunn, dass se eng genügend Distanz haten, well déi Folgeschied dovunner, vun där doten Atombomm, déi kënnen nach ganz laang nohalen an dofir ginn ech dem JCJ Recht."
Déi aktuell Vizepresidentin a Kandidatin fir Co-Presidentin ze ginn Elisabeth Margue, sot hirersäits, et hätt een en Doute gehat, dass een et mat strofrechtleche Faiten ze dinn hätt, an dofir hätt ee missen handelen...
"Dobäi muss een awer soen, dass mir an der Partei och schonn zanter Dezember mam Här Engel geschwat hunn, fir ëm ze soen, hie misst d'Gespréich sichen an hie misst och op déi do Saachen uschwätzen."
Wat seng finanziell Situatioun ugeet, hätt de Frank Engel iwwerdeems ëmmer gesot "Ech ginn eens"... et misst een awer allgemeng driwwer schwätzen, ob ee fir politesch Aarbecht kéint entschiedegt ginn, sou de Christophe Hansen.
"Am Kader vum Parteifinanzéierungsgesetz, war do d'Marche de manouevre ass, op wéi ee Punkt een dat usetzt, well soss effektiv riskéiert een, datt een nëmme Parteipresidente kritt, oder aner Funktiounen, wou et sou wéi sou just Mandataire bal kënne maachen, oder e Fräiberuffler oder een deen d'Chance hat genuch Sue vun den Eltere mat ze kréien."
Den ëmstriddene President ass fort, elo soll eng Equipe d'Rudder iwwerhuelen, mat enger Copresidence a Co-Generalsekretären... a bei den nächste Wale mat Co-Spëtzekandidaten? Fir de Jean-Claude Juncker keng gutt Iddi.
"Ech mengen eng grouss Partei brauch ee Spëtzekandidat vun deem d'Leit wëssen, wann déi Partei d'Wale gewënnt an an  d'Regierung gelooss gëtt, dat ass jo net ëmmer de Fall zu Lëtzebuerg, dann ass dat dee Mann, deen un der Spëtzt vun der Regierung steet."
Ob si interesséiert wieren, 2023 als Spëtzekandidaten an d'Walen ze goen, wollten de Christophe Hansen an d'Elisabeth Margue nach net soen...
"Ech mengen, datt mer 2018 de Feeler gemaach hunn, datt mer se vläicht ze fréi geléist hunn. An ech mengen dee Feeler solle mer net nach eng Kéier maachen. An ech mengen och, datt d'Zäiten änneren, an datt mer vläicht haut och eng aner Approche zum Leadership hunn, wéi mer nach vläicht virun e puer Joer haten."
D'CSV misst bis zu den nächste Walen et och fäerdeg bréngen, deenen anere Parteien ze weisen, datt ee mat hir schaffe kéint, an dofir wier et och elo wichteg, datt d'Equipe ronderëm de Claude Wiseler gutt zesummeschafft a Rou an d'Partei bréngen, esou nach d'Elisabeth Margue.