D'lescht Joer sinn op mannst 483 Persounen higeriicht ginn, dat geet aus dem neiste Joresrapport iwwert d'Doudesstrof vun Amnesty International fir. Der Mënscherechtsorganisatioun no, goufen domadder sou wéineg Persounen executéiert wéi zanter 10 Joer net méi. Et gëtt awer Ausnamen.  Claude Zeimetz

25/04/2021 Rapport Doudesstrof Amnesty International: Claude Zeimetz

A verschiddene Länner, beispillsweis Ägypten sinn d'lescht Joer souguer méi Persounen higeriicht ginn wéi 2019. D'Executiounen hu sech souguer carrément verdräifacht. Vill vun de Condamnéierten kruten d'Héchsttrof a Prozesser déi kengerwees den internationale Standarden entsprach hunn. Ma och d'USA ënnert dem President Donald Trump hu kee gutt Bild ofginn. D'Doudesstrof gouf zwar am Bundesstaat Colorado ofgeschaf ma eng éischte Kéier zanter 17 Joer goufen d'lescht Joer awer neess federal Hiriichtungen duerchgefouert. An manner wéi 6 Méint sinn 10 Männer iwwert dëse Wee higeriicht ginn. De Generaldirekter vun Amnesty Lëtzebuerg Olivier Pirot

Donieft hunn och Indien, dem Oman, de Qatar an Taiwan zejoert nees Executiounen duerchgefouert.

Allgemeng schwätzt den Olivier Pirot awer am RTL-Interview vun encouragante Chiffren, 438 Excecutiounen an 18 Länner sinn der 70% wéi 2015. Dat Joer ware  1634 Doudesuerteeler executéiert goufen.  Par Rapport zum Joer virdrun  sinn d'Zuelen ëm 26% erofgaang.

80% vun den Executiounen sinn op nëmme 4 Länner zeréckzeféieren, den Iran, Ägypten, den Irak a Saudi-Arabien.

Am Iran géif d'Héchststrof souguer als politesch Drockmëttel agesat, kritiséiert de Generaldirekter vun Amnesty Lëtzebuerg.

Op mannst 28.556 Persounen hunn zejoert op hir Executioun gewaart an et sinn 36% manner Persounen zum Dout veruerteelt ginn. Amnesty International no,  kéint des Entwécklung ënnert anerem op Retarden bei der Justiz zeréckzeféiere sinn, déi duerch d'Pandemie entstan sinn. An engems kritiséiert d'Mënscherechtsorganisatioun awer och, datt sech d'Konditiounen fir e faire Prozess coronabedéngt verschlechtert hunn.

D'Amnesty-Rapporten spigelen ëmmer nëmmen en Deel vun der Wourécht erëm.

Donnéeë notamment aus China ma och Nordkorea, Syrien an dem Vietnam ginn  net am Rapport erfaasst well d'Organisatioun hei keen Accès op d'Informatiounen huet. Dobäi bleift China weltwäit dat Land an deem mat Oftstand déi allermeeschten Leit higeriicht ginn. Amnesty geet vun Dausenden Executiounen d'Joer alleng a China aus. Weltwäit hunn 108 Länner d'Doudesstrof fir all Verbriechen ofgeschaf. 144 Staaten hu se per Gesetz oder an der Praxis ausgesat.