Vorarlberg ass e Bundesland am Weste vun Éisträich, un der Grenz mat Liechtenstein, Däitschland an der Schwäiz, dat ongeféier sou grouss ass wéi Lëtzebuerg an dat mat engem ähnleche Problem konfrontéiert ass: enger Logementskris. Op Invitatioun vum Ordre des architectes et ingénieurs-conseils war gëschter de fréiere Buergermeeschter vu Zwischenwasser a Vorarlberg zu Lëtzebuerg, fir z'erklären, mat wéi enge Moyenen een hei géint den Drock um Wunnengsbau virgeet. Fanny Kinsch.

22/04/2021 Logementskris Beispill Vorarlberg Reportage: Fanny Kinsch

Buedem ass wéi Loft a Waasser, seet den Direkter vum OAI Pierre Hurt, e muss gedeelt ginn. Déi ëffentlech Acteure missten elo handelen, fir d'Offer an d'Luucht ze setzen an domat méiglecherweis d'Präisentwécklung ze bremsen.
"All déi Outilen, déi elo ënnerwee sinn, Pacte Logement 2.0, Baulandverträg, dat geet an déi richteg Richtung, mee wat nach e bësse feelt ass natierlech elo déi Urgence. Well dat sinn Outilen, déi gräifen mëttel- a laangfristeg ganz gutt. Mee mir hu jo awer elo e Problem."
A soulaang een Terrainen einfach kéint leie loossen an all Joer eng Wäertsteigerung vu 15 Prozent hätt, géingen se net mobiliséiert ginn. Mat enger ähnlecher Situatioun wier een a Vorarlberg konfrontéiert, seet de Josef Mathis, fréiere Buergermeeschter vun Zwischenwasser.
"Bei uns gibt es das Problem, das wir viel zu viel Bauland gewidmet haben und seit 2008, seit der Finanzkrise, ist eine Baulandhortung eingetreten, also wenige Grundeigentümer kaufen viele Grundstücke, bebauen sie nicht, weil die werden ja jeden Tag mehr wert."
Op Landesniveau hätt d'Politik zwar erkannt gehat, dass et e Problem géing ginn, ma näischt gemaach, sou de Josef Mathis. Doropshin hätten eng Rei Buergermeeschter, Architekten an Urbaniste sech zesummegesat an eng Rei Propositioune gemaach, déi och gutt ukomm wieren.
"Wenn man Bauland widmet hat das ein Ablaufdatum, es geht nicht mehr auf Ewig. Es wird ein Bodenfonds geschaffen in dem Gemeinden und Land und gemeinnützige Wohnbauträger gemeinsam Grundstücke erwerben. Es gibt eine Erklärungspflicht, also wenn man Bauland kauft muss man dass innerhalb einer bestimmter Frist von 7 Jahren bebauen, sonst wird das rückabgewickelt."
Virun 2 Joer goufen dës Propositiounen ëmgesat an et géing een och schonn éischt Resultater gesinn.
"Es gibt als Neuerrung auch im Raumplanungsgsetz eine Vorbehaltsfläche für gemeinnützigen Wohnbau. Also die Gemeinde legt fest, dieses Gebiet dient nur dem gemeinnützigem Wohnbau und dadurch ist die Preisentwicklung, die Spitze schon abgeflacht."
Nach keng Revolutioun, ma scho mol en Ufank, esou de Josef Mathis. Alleguerten d'Iddie vun der Initiative goufen net zréckbehalen, et géing een also nach dru bleiwen.
"Wir wollten auch noch für nicht-bebautes Land, also Bauland, das 20 oder 25 Jahre nicht bebaut wird und einfach brach liegt, eine Infrastrukturabgabe einfügen. Damit die Infrastrukturkosten der Gemeinde da etwas gemindert werden. Das konnten wir nicht erreichen, da hat sich die Politik nicht herangetraut, aber wir nehmen noch einen Anlauf und ich glaube im zweiten Anlauf wird es gelingen."
De fréiere Buergermeeschter vu Zwischenwasser am éisträichesche Vorarlberg, Josef Mathis.