Wann et ëm d'Mëllech geet, da ginn et d'Meenungen nawell gären ausenaner. Déi eng drénken hiert Liewe laang Koumëllech, fir si déi eenzeg richteg Mëllech; déi aner gräifen hirer Gesondheet an der Ëmwelt zu Léift léiwer op eng Alternative op planzlecher Basis. An do gëtt de Choix ëmmer méi grouss. Ob Mandel-, Soja-, Huewer- oder Kokosmëllech, haut ass quasi fir all Goût eppes dobäi. An et kommen ëmmer nees nei Varianten dobäi, Nicky Soisson. 

27/04/2021 Ganz in: Pistasch-Mëllech (De Reportage vum Radio)

Ganz nei an der Gamme ass dann elo Mëllech aus Pistasch. An den USA gëtt et dës nei Trendmëllech souguer an de Supermarchéen ze kafen. De Virdeel: se ass aus 100% Pistasche a ganz ouni zousätzlechen Ueleg. Donieft kritt ee se entweder an der séisser oder net séisser Variant.

Dass Pistasche gesond sinn, brauch ee jo wuel kaum nach ze soen!
Se hunn zwar vill Kalorien (100 Gramm ca. 600 Kalorien) well se bestinn ëmmerhin aus gutt 50% Fett, dofir awer däers guddem spréch däers aus ongesiedegte Fettsaieren. Ausserdeem hu se vill Eewäiss, héichwäertege Vitaminn B, dee gutt fir eis Nerven ass sou wéi Vitaminn E a Pro-Vitaminn A. D'Ballaststoffer, déi een heiranner fënnt sinn och och nach gutt fir d'Verdauung - deemno ass esou eng Pistasche e richtegt Wonnermëttel fir eis Gesondheet! 

Ma den Hype bei den Influencer an de soziale Medien ass aktuell awer déi selwer gemaache Pistasch-Mëllech. An déi léist sech ganz einfach preparéieren.

Fir 2 Glieser brauch een 100g geschielte Pistaschen, déi net gereechert sinn, en hallwe Liter Waasser, en hallwen Téiläffel Ahornsirop, eng Pouz gemuelene Kardamom an e 1/4 vun enger Vanillestaang. Wann een dat dann alles zesummen huet, da geet et un d'Preparatioun:

D'Pistasche léisst een ongeféier 2 Stonnen a kalem Waasser aweechen. Dono gi se aus hirer Bidde befreit a gutt ofgespullt. Mat engem Liter Waasser, dem Banneschten Deel vun der Vanillestaang, dem Kardamom an dem Ahornsirup gutt mixen.

D'Pistasch-Mëllech gëtt dono nach duerch eng reng Passett geschott an hält sech dann 2 bis 3 Deeg am Frigo.