Den RTL Reporter ass haut zu Wuermer an der Kellerei fir gewuer ze ginn, wéi de Crémant Poll-Fabaire produzéiert gëtt. Vun der Drauf bis an d'Fläsch ass et nämlech ee laange Wee. Een deen et schonn zanter 1991 gëtt, do war nämlech d'Gebuertsstonn vum Crémant.

Mir feieren 30 Joer Lëtzebuerger Crémant Poll-Fabaire.

04/05/2021 RTL Reporter: 30 Joer Cremant

De Roger Demuth, President vun der Wormer Kellerei a Vize-President vun den Domaines Vinsmoselle ass méi genee op d'Geshcicht vum Crémant agaang an huet erkläert wéi eng Drauwen fir de Crémant geholl ginn: Auxerrois, Pinot Blanc, Pinot Noir, Chardonnay a Riesling. Alles Lëtzebuerger Drauwen déi vun den 250 Memberen vun der Vinsmoselle geliwwert ginn, iwwer d'ganz Musel verdeelt.

RTL

© Raoul Roos

De Guido Sonntag, Kellermeeschter vun de Crémants Poll-Fabaire ass do dernieft op den Ënnerscheed Crémant-Schampes agaang, dee virun allem am Numm besteet.

RTL

© Raoul Roos

De 15. November 1991 ass deen éischten Créamnt zu Lëtzebuerg op de Marché komm.