30 Joer Cremant Poll-Fabaire feiere mer de Moien. Well de bekannten Lëtzebuerger Cremant gëtt et zanter 1991.

Mir si gewuer ginn wéi eng Drauwen dofir benotzt ginn a wéi de Cremant iwwerhaapt produzéiert gëtt. An och dass de Crémant sech net hannert dem Schampes muss verstoppen.

D'Geschicht vum Cremant huet 1991 ugefaang, huet déi vu Poll-Fabaire vill éischter.

04/05/2021 RTL Reporter: 30 Joer Cremant

Do gi mer zréck bis an d'Joer 1921. Den Numm Poll-Fabaire geet zréck op ee gewëssenen Paul Faber.

De Roger Demuth, President vun der Wormer Kellerei a Vize-President vun den Domaines Vinsmoselle huet erklärt dass de Paul Faber den éischte President vun der Genossenschaftskellerei Maacher zu Lëtzebuerg war.

RTL

© Raoul Roos

Net nëmmen de Cremant, mä och den Design kennt een haut. En Design, deen in-house bei der Vinsmoselle gemaach gëtt. 

De Guido Sonntag, Kellermeeschter vun de Crémants Poll-Fabaire ass do dernieft ob déi aktuell 17 Cuvéeën agaang, déi bei déi verschidden Geleeënheeten passen.

RTL

© Raoul Roos