30 Joer Cremant Poll-Fabaire gëtt de Moien gefeiert. Dat ënnert anerem mat enger Visite duerch d'Wuermer Kellerei.

04/05/2021 RTL Reporter: 30 Joer Cremant

Privat Visitten ginn et dëst Joer Corona bedéngt leider keng, et huet ee sech zu Wuermer allerdéngs un déi aktuell Situatioun ugepasst.

RTL

© Raoul Roos

D'Vente ass op wéi de De Roger Demuth, President vun der Wormer Kellerei a Vize-President vun den Domaines Vinsmoselle betount huet. Esou kann een also och doheem säi Patt genéissen.

De Guido Sonntag, Kellermeeschter vun de Crémants Poll-Fabaire recommandéiert de "Poll On Ice", dee bei d'Terrasse-Weider passt.