Wat mëscht ee wann et schellt an da kënnt do einfach ee mam RTL-Mikro an d'Haus eran? Normalerweis si mer jo bësse méi disziplinéiert, ma bei eiser aktueller Aktioun geet et bal net anescht. Dir konnt déi lescht Woche Persounen nominéieren, di et verdéngt hunn MERCI gesot ze kréien a wann RTL sech bei deene Leit mellt gëtt et eng Dramvakanz, zesumme mat Luxair. Dës Kéier hat de Loïc Juchem RDV zu Zéisseng beim Denise Urbany. Si huet d'Marie Ketter nominéiert a wëll elo zesumme mat eiser Hëllef dem Marie och mol eppes zeréck ginn.

07/05/2021 Lëtzebuerg seet Merci zu Zéisseng

Et war net einfach d'Marie Ketter ze iwwerraschen, well et e ganz bescheidene Mënsch ass. Ma um Enn huet awer alles geklappt an d'Freed war enorm. Et geet elo also mat der LUXAIR an d'Tierkei op Antalya an den Hotel Paloma Oceana. Eng Rees fir 2 Leit , 1 Woch am Duebelzëmmer an All Inclusive. LUXAIR an RTL wënschen eng schéi Vakanz!

RTL
RTL