Et si vill Déieren an den Uertschaften zu Lëtzebuerg ënnerwee. Denkt een u säi Gaart, kommen engem natierlech als alleréischt d'Villercher an de Kapp. Ma et sinn och vill Mamendéieren ënnert eis, ënnert anerem Mais a Kéisécker.

07/05/2021 D'Coryse freet no - De Reportage vum Radio

An d'Lëscht ass nach méi laang, Laurent Schley vun der Naturverwaltung:

Et ginn och Déieren, déi kënne geféierlech ginn

"Natierlech och méi grouss Déieren ewéi zum Beispill de Fuuss an de Marder, awer och an der Lescht ëmmer méi invasiv Aarten, déi wierklech och Problemer maachen ewéi zum Beispill de Wäschbier. An dann och d'Wëllschwäin, wat wierklech net immens ass, well déi och schonn emol fir d'Leit geféierlech kënne ginn an och kënnen ugräifen jee nodeem ewéi d'Situatioun ass."

RTL

© Pixabay/ Symbolfoto

D'Déieren sinn no bei de Mënschen well se esou ganz gutt eens ginn. Logesch, se fanne jo och genuch.

Nieft dem Mënsch liewen an/oder vun him profitéieren

"... déi do genuch ze friesse fannen, genuch Plaze fannen fir sech ze verstoppen oder hir Näschter ze bauen, an déi och mat de Stéierungen duerch d'Mënschen eigentlech relativ wéineg Problemer hunn. Bei aneren ass et esou, dass se aktiv vum Mënsch profitéieren, wat d'Nahrung ugeet. Dat heescht si ernäre sech vun Iessensreschter op Kompostkéip oder vum Kazefudder wat op der Terrass steet."

Vun der Naturverwaltung ass et och nach eemol de Rappell dass ee wëll Déieren net aktiv soll fidderen, et ass esouguer gesetzlech verbueden. Et soll ee se net upaken, net op se duergoen an einfach mat Rou loossen, inklusiv d'Wëllschwäin.

RTL

© Pixabay

Well mir Mënschen scho vill vun der Natur zerstéiert hunn, kënne mer hier och emol eppes zeréckginn. De Laurent Schley vun der Naturverwaltung ass kee Fan vun deene groe Steenwüsten...

Tipps fir ee liewege Gaart

"... déi nach zu allem Iwwerfloss mat Pestiziden gesprëtzt ginn, wat e bëssen dramatesch ass. Ech mengen et kann een e liewege Gaart ariichten, mat wëllen Ecken, héijem Gras, enger Blummewiss (...) Et kann een emol e Steekoup oder en Holzkoup am Gaart leien hunn, wou sech dann erëm vill kléng Déieren kënnen dra verstoppen. Et kann een zum Beispill e klenge Naturweier uleeën, am Beschten ouni Fësch dran, mä wou een eng natierlech Besiidlung duerch Insekten an Amphibien zouléisst, e Stéck Dréchemauer uleeën (wat intressant ass fir d'Eidechsen), en Insektenhotel bauen... "

Méiglechkeeten ginn et der vill.

An och wann et praktesch ass: e Méi-Roboter fiert iwwer alles wat ëm an d'Féiss kënnt, vu nëtzlechen Insekten bis hin zum Kéisécker, deen dacks esou schwéier blesséiert gëtt, dass e muss ageschléifert ginn. 

Och d'Fliedermais freeë sech iwwer eng extra Këscht- da si mir Mënschen am Summer mat vill manner Mustiken op der Terrass geplot.