Wärend dem Krise-Joer waren der vill vun eis am Home Office, vill anerer si ganz normal weider schaffe gaangen an heiansdo esouguer nach eng Schëpp drop geluecht, wann hir Matmënschen net esou gutt drop waren. Lëtzebuerg seet Merci, eisen RTL Reporter huet vun deene ville Keeseleit an deene ville Butteker uerchtert d’Land eng Madamm mat engem Bong vun der Luxair iwwerrascht, déi vun hirer Duechter nominéiert gouf.

04/05/2021 Lëtzebuerg seet Merci zu Käerjeng

Et huet dem Josefina d’Sproch verschloen, elo däerf si mat der Luxair op d’Djerba an Tunesien, an de LUXi Fiest Beach Club fléien an do ënnert de Palmen um Pool d’Sonn genéissen, Schéi Vakanz och a Merci och vun RTL.