Haut viru 75 Joer grënnen 2 Kollegen, déi sech während dem 2.Weltkrich kennegeléiert hunn, eng haut weltbekannte Marque: Sony.

07/05/2021 75 Joer Sony

An der Fuerschung vun der japanescher Marine si sech de Masaru Ibuka an den Akio Morita iwwert de Wee gelaf - nom Krich hunn di 2, haut viru 75 Joer, "Tokyo Tsushin Kogyo" gegrënnt, iwwersat "Firma vun Tokio fir Telekommunikatiounsentwécklung".

1958 gëtt de Numm a "Sony" geännert - e Konschtwuert aus dem amerikanesche "sonny" (fir klenge Jong) an dem laténgesche "Sonus", also Klang.

Mat Magnéitbänner an de passenden Apparater fir opzehuelen mécht di jonk Entreprise hir éischt Gewënner. Transistoren gehéieren och zu hirem Portfolio, bei Sony gëtt innovéiert a verbessert, si maache sech lues mä sécher e gudde Numm an der Welt vun der Elektronik.

RTL

© Pixabay

An de 70er gëtt et eng op den Deckel - di gréissten an der Firmegeschicht. Obwuel technesch iwwerleeën, verléiert hire Betamax-Videorekorder géint de VHS-System vun der Konkurrenz. Aner Erfolleger kënnege sech do awer schonn un. Sony schafft un der Digitaliséierung vun der Ënnerhalungselektronik, a verkeeft 1982 den zesumme mat Philips entwéckelte Compact Disc.

RTL

© Pixabay

En anere weltwäite Succès vu Sony ass de Walkman. 1979 presentéiere si den éischte Modell, en Apparat deen an den 80er zum absolute Kult-Géigestand sollt ginn. 2004 hunn d'Japaner iwwregens viru Geriicht unerkenne mussen, dass schonn 1977 den Däitschen Andreas Pavel en ähnlechen Apparat, eng „körpergebundene Kleinanlage für hochwertige Wiedergabe von Hörereignissen“ zum Patent ugemellt hat.

RTL

© Pixabay

Aner bekannt Formater an Apparater vu Sony sinn de MiniDisc an d'Playstation. Mat mol méi mol manner Succès. Um Computermarché a bei ënnerschidlechste Kamerae spillen d'Japaner ganz uewe mat, grad esou wéi an der Welt vu Musek a Film. CBS fir d'Musek a Columbia Pictures fir d'Tëlee an de Kino ginn iwwerholl, Sony Pictures Entertainment ass haut eng vun de 5 gréissten Filmentreprisen an den USA.

RTL

© Pixabay

RTL

© Pixabay

Sony geet et no 75 Joer gutt, vu rouden Zuele keng Spuer, am Géigendeel, Rekordëmsätz goufe gemellt, mä gefeiert gëtt haut um 75.Gebuertsdag trotzdem net weider grouss. Vläicht wéinst Corona, vläicht awer och just wéinst der typescher héiflecher Zeréckhalung vun de Japaner.