De Stauséi ass net nëmmen dee gréissten Drénkwaassereservoir hei am Land, mä ass och déi Plaz am Summer fir ze schwammen, ze trëppelen a sech e puer flott Stonnen am Éislek ze maachen, an ass dofir iwwert eis Grenzen eraus bekannt. Fir déi nei Saison gi mer allerdéngs nach ëmmer vun der Pandemie begleet. An esou huet d'Regierung driwwer nogeduecht wéi een och dëst Joer déi grouss Mënschemass an de Grëff kréie ka fir déi sanitär Mesure kënnen anzehalen. Genee sou wéi lescht Joer, gëtt et och fir dës Saison rëm e Reservatiounssystem, dee weiderhi gratis bleift. Nicky Soisson.

26/05/2021 Stausei Neiegkeeten

Nei ass allerdéngs, dass een dëst Joer seng Plaz net nëmme fir Weekends mee och ënnert der Woch am Virfeld reservéiere muss, Christine Lutgen, Directrice vum Naturpark Öewersauer:

"Et kann ee maximal 5 Plaze reservéieren an et gi pro Dag 2500 Tickete ronderëm de Stauséi ze buchen. Mir wiere ganz frou wann d'Leit, wa se net kënne kommen, dass se dann eng Email un den ORT schécken op info@visit-eislek.lu fir hier Reservatioun ze annuléieren. Wann een op d'Plaz kënnt, da muss ee säin Ticket weisen an da gëtt een och op de Stauséi bäigelooss. D'Reservatioun brauch een awer nëmme wann ee sech op enger Plaz an op enger Plage néierléisst, dat heescht wann een dann effektiv och well schwamme goen. Wann ee just spadséieren, fëschen oder mam Kayak fuere geet, da brauch ee keng Reservatioun ze maachen."

Säit dem 22. Mee ass dëse Reservatiounssystem dann och well en Place. A wann d'Distanz vu minimum 2 Meter zu anere Visiteuren net kann agehale ginn oder wann een zu méi wéi 4 Leit zesummesëtzt déi net aus deem selwechte Stot sinn, ass och hei d'Droe vun enger Mask obligatoresch.

Donieft huet ee sech awer och Gedanke gemaach wéi een de Verkéier an d'Parkplazproblemer um Stauséi am Beschten an de Grëff kritt:

"Déi bequeemste Manéier fir op de Stauséi ass mam Bus. Dat ass d'Buslinn 535, vun Ettelbréck aus op Ënsber. Déi fiert all Dag, och Sonndes, vu Moies 7 bis Owes 8 Auer. An da gëtt et um Stau selwer eng Stauséi Navette, déi fiert all Stonn déi 2 Weeër ronderëm de Stauséi an déi fiert zum Beispill och d'Wanderweeër un. Zu Ënsber gëtt et op der Nationalstrooss, tëscht Ënsber an Ueschdref, een Opfangparking. Deen ass gratis an do si 700 Parkplazen. Dee Parking heescht "Am Kéilert" an deen ass och esou ausgeschëldert. Op deene Weekender wou vill Verkéier ass, wou vill Leit do sinn, do wäert och e Shuttle Service si vun deem Opfangparking op déi Plage vun der Esch-Sauer Gemeng. Am 20 Minutten Takt wäert déi Navette fueren."

Wann een da bis op der Plage ukomm ass, da gëllt et awer och e puer Reegelen ze respektéieren. Virop soll ee sech bewosst sinn, dass de Stauséi d'Drénkwaasser fir ganz Lëtzebuerg liwwert an et deemno extrem wichteg ass, dass keen Dreck dra kënnt.

"Wann ee säi Picknick matbréngt oder grillt, dann hätte mir gäre, datt d'Leit dono hiren Offall an eng Poubelle geheien. Op verschiddene Plage gëtt et och e klenge Recyclingszenter wou een dann och den Dreck kann entsuergen. Beim grillen ass et esou, datt et u sech verbueden ass ze grillen. D'Feier um Buedem ze maachen oder um Buedem ze grillen, ass ganz verbueden. Et gëtt e bëssi en An zou gedréckt wann een e Grill matbréngt deen op Stempele steet dat heescht wann dono keng Trace vum Grillen um Gras op der Plage iwwereg bleift da gëtt do e bëssi en An zougedréckt."

Hënn sinn dann op de Plagen och net erlaabt. Dat aus Respekt vis-à-vis vun deenen anere Leit déi schwamme kommen an zum Beispill Hënn fäerten a fir ze evitéieren, datt herno x Hënn do zesumme ronderëm lafen an aner Visiteure stéiere kéinten.

A last but not least, ass et dann och nach eng Kéier de Rappell, dass campen ganz verbueden ass "an d'Gemeng vun Esch-Sauer huet do zum Beispill Barrière gemaach déi nuets zougi fir datt och keng wëll Partie méi nuets op de Plage sinn."

Hei kënnt Dir Är Plaze reservéieren: