Et gëtt Leit déi spille reegelméisseg Lotto, meeschtens och nach déi selwecht Zuelen. Ma wéi fonctionéiert eng Lotterie a wéi setzt en Jackpot sech zesummen. Froen, déi den RTL Reporter de responsabelen vun der Lotterie Nationale gestallt huet. An eisem éischten Deel vun der Trilogie, geet et awer elo emol ëm de Lotto an d'Zäit nom 2. Weltkrich.

11/06/2021 Loterie Nationale: Nom Krich huet alles ugefaangen

D'Geschicht vum Lotto zu Lëtzebuerg geet zeréck bis den 2. Weltkrich. Am Joer 1945 koumen déi éischt Billjeeën eraus op deenen eng Nummer stoung. D'Iddi derhannert war fir de Leit nom Krich an de schwéieren Zäiten ze hëllefen. Et goufe Suen ze gewannen oder och Reesen. Den Tirage war an där Zäit just all 2. Woch. Fir Reklamm fir dës Lousen ze maachen, goufe Kënschtler engagéiert fir Plakater ze kreéieren. Esou wéi de Plakat ausgesinn huet, sou huet spéider och d'Lous ausgesinn.

RTL

© Laurent Gillander

Mat enger Zort Vëlosrieder goufen d'Zuelen dann ermëttelt. Fir 100  Fang konnt een e 1/4's Billjee kafen. Wien e ganzen Ticket kaf huet, hat d'Chance fir 400.000 Frang ze gewannen.

RTL

Eng éischt Revolutioun koum dunn mat de Rubbelbilljeeë, dës koumen eng éischte Kéier am Joer 1985 zu Lëtzebuerg op de Marché. Deen eelsten ass iwwregens den "ELO".