Bei der Lotterie Nationale kritt eng eng Hellewull u Rubbelbilljeeën, mat ënnerschiddlechen déi ee gewanne kann. Wéi dës Lousen entstinn, wou een d'Kreativitéit hier hëlt a wéi de "Gain" sech zesummesetzt, dat huet den RTL Reporter bei der Lotterie Nationale nogefrot. Et kann een d'Rad net onbedéngt nei erfannen.

11/06/2021 Loterie Nationale - Design a Kreativitéit beim 'Rubbeler'
RTL

© Laurent Gillander

De Rubbelbilljee wéi mer en hei zu Lëtzebuerg kennen, gëtt net hei am Land gedréckt. E gëtt awer hei entworf. A kreative Meetingen gëtt sech Gedanke gemaach, wat een neies an de Billjee stieche kann. Wéi e Spill-Prinzip soll oflafen a wéi de Schäin soll ausgesinn.
Pro Rubbeler gëtt et eng festgesate Zomm, déi dann ënnert der Serie vun de Lousen opgedeelt gëtt.
Reglement vum Spill gëtt direkt och e puermol gepréift. Et muss kloer sinn wat ee muss maachen fir ze gewannen. E Rubbel-Billjee leeft dann och iwwregens net séier of. Meeschtens kann ee säi Gewënn esou laang siche goen, wéi den Ticket am verkaf ass. Sollt dësen eemol vum Marché verschwannen, bleiwe nach ëmmer e puer Méint Zäit fir säi Gewënn sichen ze goen, dat geet dann awer just nach an de Büroen vun der Lotterie Nationale.

RTL

© Laurent Gillander