Lotterie Nationale huet e speziellt Joer. Et hätt scho sollen d'Lescht sinn, ma duerch d'Pandemie konnt een déi 75 Joer net esou feieren wéi een dat eigentlech wollt. Dat gëtt dëst Joer mat engem Spill op Tëlee nogeholl. Ma och d'Oeuvre, déi hannert de Lotterie stécht, leescht eng gutt Aarbecht. Den RTL Reporter wollt wësse wéi vill Suen da schonn fir de gudden Zweck gefloss sinn.

11/06/2021 Loterie Nationale: Mir feieren de 75ten

Iwwer 450 Mio Euro goufen an de leschte 75 Joer u gutt Wierker ausbezuelt. D'Oeuvre Nationale huet Lotterie gegrënnt, ufanks sinn dës Suen nom Krich gebraucht ginn, fir de Leit ze hëllefen. Et ass eng extrem Motivatioun fir déi responsabel weider ze maachen an ze wëssen dass weiderhin gutt "Causen" ënnerstëtzt ginn.
Fir déi 75 Joer, déi schonn hätte lescht Joer sollte geféiert ginn, gëtt et dann dëst Joer eng speziell Emissioun op der Tëlee. Net mam traditionelle Rad, ma mat engem Spill wat mat Wierfel gespillt gëtt. Finaliste goufe unhand vun engem Rubbelbilljee ermëttelt a kënne 500.000 Euro gewannen.
Et geet ëmmer virun. Och bei der Lotterie Nationale. Zanter kuerzem ginn an de Caféen Videolotterie-Spiller opgeriicht. Wéi ee Lotto an Zukunft spillt, dat kann een nach net soen. Fakt ass, dass Majoritéit vun de Leit gären an de Buttek geet, do säi Schäin keeft en dacks och do schonn aus fëllt an dann gespaant drop waart op seng Zuelen da falen.
Den Trend dass méi um Internet gespillt gëtt, kann een net wierklech konfirméiert. Demande ass do, awer elo net esou staark, dass an Zukunft e gréissere Wiessel stattfanne géif.