Baguette, Nëssbréidercher, Körnli-, Müsli-, Oliven-, Mohn-, oder Sesambréidercher, an der Bäckerei fënnt een alles wat schmaacht, a mir wollten haut mol wëssen wéi dat dann an enger Groussbäckerei leeft, dofir hu mer d'Michèle Schons op den Tour geschéckt, wat dann haut fir een Dag nees an säin ale Beruff klëmmt, an d'Schiertech schonn un huet:

02/07/2021 Panelux: Mir bake Botterbréidercher
RTL

© miSchons

De Patrick Muller, CEO an de John Wirtz Direkteur Commercial vun der Panelux hunn eis duerch d'Bäckerei gefouert an erkläert wéi bei hinne geschafft gëtt. Vun 12 bis 2 Auer ginn all d'Bréidercher an d'Baguetten mat der Moieséquipe preparéiert, fir dass se laang Zäit am Gärschaaf kënne gären, iert se gebak ginn, an esou déi gutt Qualitéit entsteet.

Panelux a Fischer si ganz enk verbonnen, fréier war dat een eenzege Betrib, 2010 ass decidéiert ginn déi zwee Betriber separat ze féieren, an obwuel Fischer nach ëmmer deen déckste Client vun der Panelux ass, ginn awer och eng ganz Partie aner Betrieber hei am Land beliwwert.

RTL

© miSchons

450 Leit schaffe bei der Panelux, an e groussen Deel ass fir déi regional Produiten beschäftegt. Méi wéi 400 Cliente gi pro Nuecht beliwwert. D'Commande komme mëttes um 3 Auer eran, an da geet d'Course géint d'Zäit lass. Well d'Quantitéit méi grouss ass, mussen och méi grouss Deeger gemaach ginn, déi dann och professionell a maschinell ofgewie ginn, dat mat Techniken an Installatiounen, déi de Mënsch ënnerstëtzen.

RTL

© miSchons