De Moien hu mer scho Bréidercher a Baguette gebak, a wat elo nach beim Kaffi feelt, ass e gudde Croissant, oder vläicht och e klengt Stéck Kuch. Mir hunn eis RTL Reporterin d'Michèle Schons haut op den Tour geschéckt, a Michèle, du bass fir eis op Mensder baken?

02/07/2021 Panelux: An der Patisserie
RTL

© miSchons

Mir sinn haut bei Panelux op Besuch, an de Chef Patissier Marc Hansel huet eis erkläert dass se de Moment schonn am Gaang sinn Bûchen ze maachen. Matten am Summer kléngt dat vläicht verréckt, ma hei geet riets vun Echantillonen, vun neien Zorten, déi 6 Méint virdrun ausprobéiert ginn, fir dem Client ze presentéieren, an de Katalog mat eranzehuelen, an och fir ze kucke wat gutt ukënnt, esou dass et da fir d'Chrëschtzäit mat der Organisatioun gutt klappt.

RTL

© miSchons

Och fir de Gebuertsdag gëtt bei der Panelux all Dag gebak, all Client huet de Choix fir de Goût, fir d'Gréisst an och fir d'Dekoratioun vun de Kuchen.

Moies um 6 Auer geet et an der Patisserie lass, wou d'Fichen an d'Commanden am Büro kontrolléiert ginn an sech dann un d'Aarbecht gemaach gëtt.