Wien e Beruff huet an deem e vill sëtzt, dee muss sech beweegen. 30 Minutten den Dag géingen duergoen- huet et emol geheescht. Eng nei Etüd nuancéiert dat. Mir hu beim Fitnesscoach nogefrot.

04/06/2021 D'Coryse freet no- De Reportage vum Radio

Vill vun eis hunn e Beruff an deem se vill sëtzen, 8 Stonnen oder méi, wann ee nach d'Zäit owes op der Kusch dobäi rechent. Eng Formel huet bis ewell gesot fir dat auszegläichen solle mer eis 30 Minutten den Dag beweegen oder 150 Minutten an der Woch.

Eng international Etüd mat 13'000 Persounen ass zum Resultat komm dass et an deene meeschte Fäll net duergeet. A wat seet den Expert dozou? Dem Fitnesscoach Tim Thomé no geet et virun allem ëm Balance:

Sech méi kuerz, awer méi intensiv beweegen

"De Mënsch ass gemaach fir sech ze beweegen a leider maachen déi meescht vun eis dat vill ze wéineg. Dobäi sollt et manner als eng Flicht gesi ginn oder eng aner Aufgab vum Dag, mä méi als eng Noutwendegkeet esou ewéi d'Iessen an d'Drénken. Dofir recommandéieren ech dass een all zweeten Dag tëscht 10 an 30 Minutten eng méi intensiv Sporteenheet virgesäit. Dat maach zwar manner sinn, mä et ass bewisen, dass et vill méi séier Resultater erziilt ewéi manner intensiv mä dofir méi laang Eenheeten zum Beispill."

RTL

© Pixabay

Awer och op deenen aneren Deeg sollt ee sech beweegen, do dofir brauch ee keen Abonement am Fitnesscenter. Am Alldag kann en d'Trapen huelen a net de Lift, den Auto brauch ee net beim Buttek virun der Dier ze parken, mä et setzt een e méi wäit ewech.

E puer Beispiller fir den Alldag

"... oder wéi wier et fir mam Vëlo op d'Aarbecht ze fueren? Natierlech zielt awer och Hausaarbecht  an als ee klénge Geheimtipp: Sex ass och -wann een et gutt mécht- Sport ;-)  Also Beweegungsméiglechkeeten ginn et der definitiv genuch. Mä een absolutte Must ass op mannst eemol d'Stonn eng Kéier opstoen. Just fir e puer Minutten, och wann et nëmmen ass fir e bëssen duerch de Raum ze trëppelen. Déi meescht Smartwatches maachen dat souwisou schonn automatesch, mä soss kann een och einfach eng Erënnerung um Handy astellen. Mat der Zäit kann een dann och e puer Kniebeugen a Pompele mat era bauen."

RTL

© Pixabay

Natierlech ass dat vu Persoun zu Persoun ënnerschiddlech, den Alter an de Gesondheetszoustand spillen dobäi eng grouss Roll. A nach eng kleng Motivatioun zum Schluss:

Och am Alter kann ee nach fit sinn

"Dat Flottst ass, dass ee relativ séier e Progrès gesäit, egal wou ee start, a mir just a Kompetitioun mat eis selwer sinn.  A fir déi, déi nach ëmmer mengen, si kéinte net e bëssen Zäit opbréngen: Meng Boma ass elo 91 Joer a si fiert all Dag -mat hiren zwou Knéiprothesen- indoor eng Stonn Vëlo plus Stretch eng hallef Stonn."