Waasser, Esseg, Salz, an nach aner Gewierzer, déi mer elo net hei op dëser Plaz verroden, kommen an d'Rezept vum Moschter dran. De Moie si mer scho gewuer ginn, wéi d'Kären da verschafft ginn, iert se dann ofgefëllt ginn. D'Michèle Schons, mécht de Moie fir eis Moschter, Mayonnaise an nach aner gutt Zosen a Michèle, hues de well alles gesinn?

17/06/2021 Moutarderie de Luxembourg - Glieser, Tüben an Eemeren

D'Verpackung funktionéiert maschinell, sief et a Glieser, Tüben oder och Eemeren. Fir grouss Quantitéiten ass dat manner opwenneg. Ma och mam Handdoser gëtt nach geschafft, jee nodeem wéi kleng dann d'Glieser sinn. 

RTL

© miSchons

No all Produktioun mussen d'Maschinnen ausernee geholl a montéiert gebotzt a gespullt ginn.

Et ass natierlech vill Zäit déi hei drop gëtt, dofir muss genee de Plang an A behale ginn, fir ze kucke wat fir eng Zooss zu wat fir enger Kategorie gehéiert.

RTL

© miSchons

Wann de Moschter, oder d'Mayonnaise da fäerdeg ofgefëllt sinn, kommen se an d'Lager, ginn do a Këschte gepackt, a fäerdeg gemaach fir bei de Client.   

RTL

© miSchons