Nieft enger regionaler, saisonaler Geméisproduktioun sou wéi engem Bauerenhaff wou Kéi, Schof, Schwäin a Kanéngercher fir d'Fleeschproduktioun gezillt ginn, fënnt een um Lampecher Gaart zanter Februar och eng Déierepensioun ënnert dem Numm "Hoka". D'Nicky Soisson huet sech ënnert d'Déiere gemëscht a sech dëse flotte Projet vun der Apemh méi genee ugekuckt.

18/06/2021 De Lampecher Gaart an d'Déierepensioun vun der Apemh

D'Apemh, eng Associatioun vun Elteren déi e Kand mat enger geeschteger Behënnerung, spréch enger intellektueller Beanträchtegung hunn, huet well säit Joren Atelieren zu Betteng-un-der-Mess, zu Housen an zanter bal 20 Joer de Parc Merveilleux zu Beetebuerg iwwerholl. Nodeems de Lampecher Gaart opgebaut gouf, koum dunn och ganz séier d'Iddi vun enger Déierepensioun. Dat war well viru gutt 10 Joer. Als ganz engagéiert Associatioun probéiert d'Apemh ëmmer nees Projeten an d'Liewen ze ruffen an deenen hier Leit liicht ze integréiere sinn, wou vill an einfach Aarbecht fir si offält. No där jorelaanger Erfarung am Beetebuerger Park louch d'Iddi vun der Déierepensioun du quasi op der Hand. Dëst Joer am Februar war et du sou wäit an d'Hoka Déierepensioun huet hier Dieren um Lampecher Gaart opgemaach.
D'Arrichtung vun der Déierepensioun gouf iwwregens zesumme mat de betreite Leit gebaut. Esou fënnt een hei handgemaache Krazbeem fir d'Kazen, Spillsaachen, Klooterméiglechkeeten, Hondsbetter, sou wéi op der Hand gebitzte Matrassen an Decken. Der Innovatioun sinn der Associatioun och hei keng Grenze gesat an esou fënnt een dann an der Pensioun lauter Eenzelstécker!