D'Déierepensioun déi am Februar dëst Joer hir Dieren zu Lampech opgemaach huet, huet zimmlech séier misste feststellen, dass wéinst Corona d'Demande fir d'Pensioun net sou grouss war wéi erwaart. Nicky Soisson.

18/06/2021 D'Lampecher Hoka - méi wéi just eng Déierepensioun

Ma dat huet een hei awer arrangéiert well esou konnt ee sech lues an de Projet eraschaffen an 1. Erfarunge sammelen. Et huet een awer och vun der Situatioun profitéiert an direkt ëmgeduecht. Nieft der Haaptiddi Hënn a Kazen an d'Vakanz ze huelen, gouf decidéiert eng Hondscrèche dobäi unzebidden. Déi éischt Méint hunn dunn och ganz séier gewisen, dass eng grouss Demande dofir do ass an esou fonctionéiert dee Service immens gutt. Mëttlerweil ass een awer och frou annoncéieren ze kënnen, dass ee well an der Päischt- sou wéi an der Summervakanz ausgebucht ass wat d'Hënn uginn. Fir d'Kazen, déi net sou dacks an d'Pensioun ginn, sinn awer nach Plaze fräi.

D'Ekippe sinn esou opgestallt, dass een engersäits Leit vum Fach huet, souwuel technescht wéi edukatiivt Personal déi den Encadrement maachen an dann anersäits eben déi Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an dat fonctionéiert ganz gutt. Nodeems een d'Leit entweder intern oder iwwert eng Annonce rekrutéiert huet, gëtt et eng Formatioun an da kréien d'Leit hire Kontrakt fir hirer Aarbecht an deem Beräich nozegoen deen hinnen am beschte läit.

Visitte ginn et just op Rendez-vous fir den Dagesoflaf net ze vill op d'Kopp ze bréngen. Wann een interesséiert ass, da kann een op der Telefonsnummer 26 59 82-1 uruffen oder eng mail un hoka.limpach@apemh.lu schécke fir sech fir eng Visitt unzemellen.

Hei fannt Dir de Flyer: