Den 21.Juni 1982 gouf déi éischt Fête de la Musique a Frankräich organiséiert. D’Iddi war et Musek fir jiddereen accessibel ze maachen a lokale Museker eng Plattform ze gi fir op sech opmierksam ze maachen. Iwwer déi nächst 10 Joer sinn iwwer 85 verschidde Länner nogezunn – an der Tëschenzäit sinn et der schonn iwwer 120. Ënner anerem dann och zu Lëtzebuerg. Hei gouf déi éischt Fête de la Musique schonn an den 90er Jore gefeiert – ëm genau ze sinn, zu Diddeleng. An och dëst Joer réckelt d’Musek fir e puer Deeg rëm an de Virdergrond. Valeria Wiwinius mat den Detailer.

11/06/2021 Fête de la musique 2021

Nodeems se d’lescht Joer hu musse gezwongenermoossen eng Paus aleeën, ass d’Fête de la Musique lo rëm zréck. 11 Deeg, 37 Plazen, 136 Concerten. Vum 11. bis den 21.Juni gesäit ee rëm eng Rëtsch bekannte Gesiichter live op Bünen uechter d’Land, sou de Marc Scheer, Präsident vun der asbl Fête de la Musique.

Da kann ee sech awer och op e puer international Artiste freeën. Dëst Joer ass zum Beispill déi Däitsch Musekerin Lotte fir d’éischt Kéier mat dobäi. Si hat viru Kuerzem mat hirer Kollaboratioun mam Max Giesinger internationale Succès gefeiert. Den 19. ass si zu Diddeleng ze gesinn. 

Organisatoresch gesi wier d’Fête de la Musique vun dësem Joer awer schonn eng Erausfuerderung gewiescht, sou de John Rech, Vize-Präsident vun der asbl Fête de la Musique.

Déi nei Mesuren hätten engem do immens an d’Kaarte gespillt. Sou ass d’Jauge vu Spectateuren eropgaangen an och Catering ass rëm erlaabt, wann een dann säi sanitäert Konzept vun der Santé accordéiert kritt. Trotzdeem sinn dëst Joer vill manner Organisateuren dobäi wéi sos. Un Eventer feelt et trotzdeem net.

Niewent de Concerten organiséiert d’Museksschoul UGDA den 20. e Flashmob bei deem an der Tëschenzäit 30 Gemengen uechter d’Land matmaachen. An d’ASTI feiert dëst Joer hire grousse Comeback an engem decapotabele Mini-Bus dee mat der Grupp Afrobeatheaven duerch Eech, Beggen, Dummeldeng, Weimerskierch an d’Millebaach fiert. De Motto ass also: wann d’Leit net kenne bei d’Musek kommen, kënnt d’Musek ebe bei d’Leit. Dësweideren ass och d’Gemeng Mamer dëst Joer nei bäikomm. Si bidden e ganz ofwiesslungsräiche Programm iwwer 3 Deeg un. Do spillen dann ënner anerem Big Band Opus, Remo Cavallini Quarttet, Tuys a Zero Point Five.