D'Futtballeuropameeschterschaft fänkt muer un. Dowéinst këmmert de Mister Science sech haut ëm d'Wëssenschaft vum Eelefmeter. Kann ee mat Statistik seng Goalchancen maximéieren?

10/06/2021 Mr Science

Di nächste 4 Wochen regéiert nees Kinnek Futtball - op der Europameeschterschaft kéint et gutt sinn, dass et zu engem oder méi 11m-Schéisse kënnt. De Spiller leeft un, waard kuerz a schéisst dann ... déif an den Eck! Oder wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Oder eventuell souguer an d'Mëtt ze schéissen? Domadder hu sech Wëssenschaftler beschäftegt.

Enger Etude vum Sportswëssenschaftler Geir Jordet no, lande 75% vun allen Eelefmeter am Goal; 25% sinn also Feelschëss. Enner anerem, wëll e Goalkeeper mat sengem Kierper, sengen Äerm a Been scho gutt 20% vum Goal ofdecke kann. De Futtballist kann awer sou schéissen, dass de Goalkeeper keng Chance huet. Nämlech an deem e ganz fest lénks oder rechts präzis an den Eck schéisst, oder nach besser: héich uewen an den Eck. Do huet de Goalkeeper keng Chance ze reagéieren.

Esou geet een awer de Risiko an, doniewent ze schéissen. An dëse Risiko ass méi grouss wann de Futtballist midd ass (oder no der Verlängerung souguer Krämp huet), oder opgereegt ass. Dofir sollen nëmme fit an nervestaark Futtballisten des Variant wielen.

Déi meescht entscheeden sech fir eng Säit. Sou zwéngen se de Goalkeeper dozou, sech schonns virum Schoss fir eng Säit ze decidéieren. Déi 0,3 bis 0,4 Sekonnen, déi de Ball vum Punkt bis iwwert d’Linn brauch, ginn och fir de beschte Goalkeeper net duer, fir op d’Schossrichtung ze reagéieren. Sprengt de Goalkeeper an de falschen Eck, geet souguer en net sou präzise Schoss an de Goal. Hei kënnt et natierlech immens op d’Täuschung beim Ulaf un.

Statistesch gesi sprange laut enger Etude vum Sportswëssenschaftler Geir Jordet d'Goalkeeper a 50 % vun den Eelefmeter no riets, an 49 % no lénks a just an 1 % bleiwen se stoen. Ee Futtballist, deen an d'Mëtt schéisst, spekuléiert drop, dass de Goalkeeper sech fir en Eck decidéiert huet a relativ fréi dohi spréngt, sou dass en net méi reagéieren an einfach stoe bleiwe kann.

Wann e Goalkeeper sech fréi fir en Eck entscheed, hält e just 15,5 % vun den Eelefmeter. Wann en e bëssi méi laang waard, bis kuerz ier de Spiller schéisst, dann hält en zu 29,6 %. Iwwregens gëllt dat mat der Gedold och fir de Spiller: Wann hie sech schonns virum Schoss fir en Eck decidéiert, trëfft en zu 71,5 %. Wann hien awer waard bis de Goalkeep sech entscheed huet, trëfft en zu 94,3 %.

Aus där selwechter Etüd ginn et och nach aner interessant Statistiken, déi een op science.lu fënnt. Fussball-Fuerschung ass op alle Fall och spannend!