Et muss ee bereet si kranke Mënsche wëllen ze hëllefen an et dierf een och keng Angscht virun enger Piqûre oder Blutt hunn. Wann déi Konditioune scho mol erfëllt sinn, da kënnt een eventuell a Fro fir Bluttspender ze ginn. An awer mussen och nach vill aner Punkte passe si fir kënne Blutt ofzeginn. Dat soll een awer net dovunner ofhale fir eppes Guddes ze maachen, besonnesch haut um Weltdag vum Bluttspenden. An dem Kader huele mir iech de Moie mat an de sougenannten Transfusiounszenter vun der Croix Rouge. Mir verroden iech de ganzen Oflaf vun sou enger Spent, mir gi gewuer wat mam Blutt alles geschitt a wisou, datt et och wichteg ass Plasma ze spenden. Eisen RTL Reporter Loïc Juchem ass fir eis de Moien um Boulevard Joseph II hei an der Staat.

14/06/2021 Bluttspenden: déi éischte Kéier
RTL

© Croix Rouge Luxembourg

RTL
RTL