Datt Léit reegelméisseg eng Bluttspend bei d'Croix rouge maachen, wier enorm wichteg. D'Transfusiounsmedizin kéint nëmmen esou garantéiert ginn an dofir ass een enorm frou iwwert all néien an awer och treie Bluttspender. Do ginn et beispillsweis Leit déi hu schonn iwwer 100 Mol en Don gemaach. Haut ass de Weltdag vum Bluttspenden an aktuell ass d'Blutt zu Lëtzebuerg knapp. Wärend der ganzer Pandemie hat een ëmmer e gudde Stock, ma elo huet een e bëssen Angscht, datt een an d'Enkpäss geréit. De Moie maache mir dofir den Opruff, datt d'Léit Blutt spenden an hunn dofir eisen RTL Reporter, de Loïc Juchem an den Transfusiounszenter vun der Croix Rouge geschéckt.

14/06/2021 Bluttspenden: Eppes Guddes fir krank Leit maachen

Dr. Andrée Heinricy am RTL-Interview:

RTL
RTL

An dësem Sall gëtt d'Piqûre gemaach.

RTL
RTL

No der Piqûre gëtt et eppes ze Iessen an ze drénken.

RTL