Et geet un mat engem Froebou, duerno huet een e Gespréich mat enger Infirmière an da gëtt d'Blutt gespent. Am Transfusiounszenter vun der Croix Rouge hei an der Staat ginn et alles an allem 9 Brëtschen an en Don dauert an der Moyenne 5 bis 10 Minutten. Bei enger Vollbluttspend gëtt en hallwe Liter Blutt ofgeholl an et soll een och evitéieren fir duerno nach sportlech aktiv ze sinn. Vill vun de Léit géingen och vun hirer Mëttesstonn profitéieren fir einfach emol eppes Guddes ze maachen. Eisen RTL Reporter Loïc Juchem ass fir eis de Moien op der Plaz a wollt jo scho wësse wéi sou een Don ofleeft, ma freet sech awer och wat mam Blutt no enger Spent geschitt.

14/06/2021 Bluttspenden: Wat geschitt mam Blutt a wisou sinn och Plasmaspende wichteg?
RTL
RTL
RTL
RTL