„D'Gesellschaft vu muer definéieren“ ass de Sujet vun der Weltausstellung 2025 zu Osaka a Japan. Fir déi 25. Kéier wäert Lëtzebuerg also mat engem Pavillon op dem internationale Rendezvous mat dobäi sinn. Déi eng Ausstellung gëtt scho geplangt, an déi aner gouf nach guer net ofgehalen. Zu Dubai hat Corona den Organisateuren e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an dat ganzt Event huet em ee Joer misse verréckelt ginn. Am Oktober dëst Joer (2021) ass et elo endlech sou wéit a bannent deene 6 Méint ginn sech alles an allem 25 Millioune Léit aus der ganzer Welt erwaart. Ma wou ass Lëtzebuerg aktuell mat sengem Pavillon drun? Leeft alles am Zäitplang? An wat gëtt mam Pavillon no der Expo gemaach? De Loïc Juchem huet sech mat der Expo-Kommissärin Maggy Nagel getraff.

10062021 Letzebuerg zu Dubai op der EXPO2020

Beim Lëtzebuerger Pavillon war op alle Fall alles am Zäitplang a fir den 1. Oktober 2020 wier een och prett gewiescht fir d'Léit ze empfänken. Dunn koum op eemol alles aneschters an huet een sech missen nei organiséieren. Sur place gouf wärend der ganzer Pandemie ëmmer weider geschafft an et gouf ni e Lockdown, natierlech ass alles méi lues gelaf. Ingenieuren, Architekten a Persounen déi de Chantier kontrolléiere  vun Ufank un op der Plaz. Alles an allem waren si beim Bau vum Projet och 240 Aarbechter involvéiert.

D'Maggy Nagel a seng ganz Ekipp sinn elo prett a voller Motivatioun. Am September ass e luesen a klengen Opening geplangt, wou dann alles emol duerchgespillt wäert ginn.

Maggy Nagel:
Et ass eng Generalprouf déi d'Expo selwer organiséiert. Haaptsächlech gëtt gekuckt, datt dat Technescht einwandfräi ofleeft an datt och de Floss vun de Visiteure klappt, d'Leit sollen net gestresst ginn. An dann eise Pavillon selwer, lo an engem Mount wäert eise ganze Staff, dee wärend 6 Méint do schafft sur place sinn, déi mussen och ageschafft ginn.

Zu Lëtzebuerg ginn aktuell och Formatioune fir d'Volontaire ugebueden, déi am Pavillon wäerten d'Touristen empfänken. Sie solle Land, Leit a vrun allem de Pavillon schonn am Virfeld richteg gutt kenneléieren an net an d'kaalt Waasser geheit ginn.
Déi ganz Expo soll vu 25 Millioune Leit besicht ginn, am Lëtzebuerger Pavillon rechent ee mat 10.000 bis 15.000 Léit den Dag. 192 Länner sinn zu Dubai dobäi, Lëtzebuerg war dat eicht Land wat de Kontrakt ënnerschriwwen huet a konnt sech domat natierlech och eng immens schéi Plaz eraussichen. Eis Konstruktioun géing immens gutt léien, souzesoen op enger Kräizung wou vill Passage ass. Dernieft ass et der fréiere Ministesch wichteg, datt jiddereen, och déi Leit, déi net kënnen op Dubai reesen, en Deel vun der Weltausstellung ass.

Maggy Nagel:
Et ass alles schéin a gutt wann dee Pavillon vum Organisateur acceptéiert gëtt, ma dee soll awer virun allem mol hei vu Lëtzebuerg akzeptéiert ginn. Et muss een de Leit hei och weisen, datt och wann een d'Méiglechkeet huet net dohin ze reesen alles an och all Schratt matkritt.

Um offizielle Site vum Lëtzebuerger Pavillon fënnt ee sämtlech Informatiounen a gesäit beispillsweis och Biller vun enger Timelaps-Kamera, déi wärend dem ganze Bau all hallef Stonn eng Foto gemaach huet.

Mir duerchliewen aktuell eng Pandemie an dofir ass d'Sécherheet um Site selwer och enorm grouss geschriwwen. Do ass elo och e spezielle Guide eraus komm, mat Mesuren an Ufuerderungen déi all Land muss respektéieren.

Maggy Nagel:
Déi lescht Informatioun déi ech kritt hunn war dat ass, datt se elo verlaangen datt all Mënsch deen um Site schafft muss geimpft sinn, wann et elo ugeet. An natierlech och strategesch Punkten um Site selwer goufen equipéiert, do goufen eng Aart kleng Spideeler gebaut, do kënnen se d'léit da behandelen, wann eppes soll geschéien.

Fir d'Maggy Nagel ass d'Expo2020 och den Ofschloss vun enger 40 Joer laanger politescher Karriär, duerno freet sie sech drop, kennen duerch d'Welt ze reesen a sech kulturell weiderzebilden.

De Pavillon gëtt no der Expo och net ofgerappt, mee et wäert een e weiderhin notzen. Wéi Institutioun am Gebai wäert Plaz anhuelen ass awer nach net gewosst.

RTL
RTL
RTL