Während der ganzer Futtballeuropameeschterschaft liwwere mir iech all Dag di bësse méi kuriéis Fakten ronderëm dëse groussen Tournoi.
Haut: Corona, Wuess a Nationalhymnen.

11/06/2021 EURO2020: Um a nieft dem Terrain

Grousst Thema, nodeems d'lescht Joer net konnt gespillt ginn, ass nach ëmmer Corona - d'UEFA huet sech dozou Gedanken gemaach.

D'Gréisst vun de jeeweilege Kaderen ass vun ursprénglech 23 op bis zu 26 Spiller gehéicht ginn.

Sollt et zu Coronafäll bannent engem Team kommen, da gëllt: wann op d'mannst 13 Spiller, dorënner op d'mannst ee Golkipp, zur Verfügung stinn, da gëtt eng Partie net verluecht. Ass dat net méiglech, gëtt de Match bannent 48 Stonne nei ugesat, an eventuell och an een anere Stadion verluecht. Huet e Land da nach ëmmer keng 13 Spiller fit a gesond, da verléieren se um gréngen Dësch mat 0-3.

Sollte Spiller wéinst Corona oder Blessur ausfalen, da kënnen des just bis zum Dag vum éischte Gruppematch ersat ginn duerch Nonominatiounen. Dono kann am weidere Verlaf vum Tournoi nëmme nach op der Positioun vum Golkipp nogemellt ginn. Prinzipiell gëllt: eemol aus dem Kader gestrach, kann e Spiller net méi am Laf vum Tournoi zréck kommen.

Dann hu mir nach puer aner EM-Reegelen:

de Wuess soll grondsätzlech héchstens 30 Milimeter héich sinn. Souwuel an de Stadien wéi och op den Trainingsterrainen.

D'Längt vun de Nationalhymnen ass op maximal 90 Sekonnen limitéiert. An an der ganzer technescher Zon, heescht Trainerbänk + direkt Ëmfeld, ass et verbueden ze fëmmen.