Fir di éischte Kéier kënnt bei enger Futtballeuropameeschterschaft de Video-Arbitter an den Asaz. Wéi vill sinn et der, wéini dierfen/musse se agräifen?

17/06/2021 EURO2020: Sécher ass sécher

Haut schwätze mir iwwer d'Arbitteren, déi hannert de Kulisse schaffen. An allen 51 EM-Matcher ass den VAR dobäi, de Video Assistant Referee. Eng Premiere bei der Europameeschterschaft.

Grondsätzlech dierf de VAR just a 4 Fäll an d'Spill agräifen.
- Wann e Goal fält:
War et Foul, Händs, Abseits, oder louch soss e Reegelverstouss vir an der Entstoung vum Goal
- Bei engem Eelefmeter:
Ass den Eelefter zu Recht gepaff ginn, oder hätt et ee musse ginn no enger ëmstriddener Situatioun
- Bei enger rouder Kaart
War et eng, oder hätt et eng misse ginn
- Bei Verwiesselung vu Spiller, wa Kaarten ausgedeelt goufen

Grondlag fir d'Agräife vum Video-Arbitter ass, wann hie mengt, den Arbitter um Terrain hätt kloer falsch decidéiert. En ass net dofir do, eng besser Decisioun ze treffen, en bleift en Assistent. De VAR soll de Futtball e Stéck wäit méi gerecht maachen, et wäert awer weider zu Szenarie kommen déi net eendeiteg opzeléise sinn.

Zu Nyon an der Schwäiz um Haaptsëtz vun der UEFA gëtt et ee Raum mat modernster Technik, an deem all d'Biller vun de Kameraen zesumme kommen. Do sëtzt de Videoarbitter mat 3 Assistenten, a si si mam Arbitter um Terrain verbonnen. Hir Aufgaben si kloer verdeelt:

- Ee këmmert sech ëm de weidere Spillverlaf, wann de VAR domat beschäftegt ass, eng Zeen ze checken.
- En Aneren konzentréiert sech virun allem op eventuell Abseitssituatiounen.
- Den drëtten Assistent ass eng Aart Backup, soll dat grousst Bild am A behalen a méiglecherweis Saache gesinn, déi de Kollegen entgaange sinn.

Am Ganzen huet d'UEFA 22 Arbitteren an d'Ekipp vun de VARen beruff. Mat dobäi ass och de Fernando Rapallini aus Argentinien - hien ass Deel vun engem Austauschprogramm mam südamerikanesche Futtballverband. Am Géigenzuch päift e Spuenier Matcher bei der Copa America, déi och de Moment gespillt gëtt.