D'Réidener Schwämm gëtt et zanter 2003 an huet sech am Laf vun der Zäit ëmmer nees weider entwéckelt. Eng vun de Piscinnen hei am Land, déi och baussen e Pool huet a wou et nach eng Partie Attraktiounen ze entdecke ginn. Eis RTL Reporterin, d'Nicky Soisson, war bis op Besuch an huet sech e puer schéi Stonnen do gemaach.

09072021 Haut si mer an der Schwaemm

Déi 9 Gemengen aus dem Réidener Kanton hu sech deemools zesummegeschloss an eng Schwämm opgebaut déi et erméiglecht de Schoulkanner aus deene verschiddenen Dierfer Schwammcoursen unzebidden an awer och den Awunner a Visiteure vun der Regioun d'Méiglechkeet ze ginn, schwammen ze goen. Ma effektiv huet sech d'Schwämm an deenen 18 Joer ëmmer méi entwéckelt an esou fënnt een haut nieft engem grousse Waasserbaseng och e Planschbecke fir Kanner, eng Piscine dobausse mat engem Wellebad, e Rutschtuerm mat Tobogganen, e schéin ugeluechte Saunaberäich dobaussen an en Hamam dobannen sou wéi och e Bistro zu deem ee souwuel Accès vun der Schwämm wéi och vu baussen huet a wou een nieft engem gudde Patt och e Maufel iesse kann.

Wéi op sou ville Plazen, war och hei d'Pandemie eng ganz schwéier Zäit well een huet misste fir eng Zäitchen zoumaachen. An dat hannerléisst finanziell natierlech e Lach. Ma hei kuckt een no vir an et ass ee frou rëm kënnen op ze hunn an aktuell bis zu 100 Leit gläichzäiteg dobanne kënnen ze empfänken.