Jiddereen, dee scho mol an eng ëffentlech Schwämm war, huet se gesinn: d'Schwammmeeschter, déi oppassen, dass ee keng Dommheete mécht an een och mol zu Recht weisen, wann ee géint d'Reegele verstéisst. Ma si kucken och, dass kee sech a Gefor bréngt a gräifen a wann et brenzeleg gëtt. De Beruff vum Schwammmeeschter ass weder langweileg nach monoton. D'Nicky Soisson, eis RTL Reporterin, huet engem Schwammmeeschter zu Réiden iwwert d'Schëller gekuckt.

09072021 De Beruff vum Schwammmeeschter

De Kevin Jaeger schafft an der Réidener Schwämm als Schwammmeeschter. Moies wann d'Schicht ufänkt, gëtt als 1. mol de Roboter propper gemaach deen alles opreeft wat um Buedem vun der Piscine läit wéi Hoer an aner Saachen, da gi Waasserprouwe geholl fir sécher ze stellen, dass alles an den Normen ass. Dono geet et dann och nach en Tuer an de Keller, do wou déi ganz Maschinerie vun der Piscine ze fannen ass, fir och do de Relevé vun de Compteuren ze maache wat de Waasserverbrauch asw ugeet. Wann dann d'Cliente bis an der Piscine sinn, dann heescht et Preventioun ze maache fir dass kengem eppes geschitt. Et muss ee souzesoe seng Aen iwwerall hunn an op Zack si fir anzesprangen, wann e Problem entstoe kéint.