D'Summervakanz steet virun der Dier an dat heescht fir vill Leit bei guddem Wieder vun eisen oppene Schwämmen hei am Land ze profitéieren. Zu Réiden ass een op jiddefalls prett fir d'Gäscht am Summer optimal ze begréissen an déi eng oder aner nei Attraktioun erwaart een hei. Eis RTL Reporterin Nicky Soisson war bis dohinner luussen.

09072021 Prett fir de Summer

Nieft enger Piscine dobausse mat engem Wellebad an enger flotter Sonnenterrass sou wéi engem flotte Saunaberäich ass een houfreg hei de 17. Juli dee fonkelneie Spraypark anzeweien. Hei kënnen d'Kanner sech op enger Plattform mat Waasserspiller esou richteg gutt amuséieren. A wa mer da scho bei de Kanner sinn: och e fonkelneien, gratis Kids Club fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer gëtt et hei ze entdecken. Fir dobäi ze sinn, kann ee sech einfach sur Place aschreiwen an da kann ee bei flotten Aktivitéiten wéi zum Beispill Kannersauna oder enger Olympiad deelhuelen.

Donieft ginn awer och intensiv Schwammcoursen am Summer ugebueden, déi sinn allerdéngs well ausgebucht. Ma et well een awer och fir déi nächst Schoulvakanzen esou Coursen ubidden.