Eigentlech hätten se alleguer misste frou sinn, dass England endlech en 1.Match op enger Europameeschterschaft gewanne konnt. Bei der Victoire géint Kroatien huet munch Fan trotzdeem awer en Hoer (oder e Schiet?) an der Zopp fonnt...

18/06/2021 EURO2020: Alles an de Schiet gestallt

Wat gëtt et Besseres, wéi mat enger Victoire an en Tournoi ze starten? D'Englänner hate bis elo nach ni den éischte Match op enger Europameeschterschaft gewonnen.

1-0 Victoire géint Kroatien, d'Wieder war schéin, do kann ee sech net beschwéieren. Haten d'Three Lions gemengt.

An de soziale Medien hu sëllege Fans sech iwwert ee Schiet beschwéiert. D'Partie géint d'Kroate war jo am Nomëtte gespillt ginn, an duerch de Stand vun der Sonn war den ënneschten Drëttel vum Terrain am Schiet geleeën. Dat war munch Fan ze däischter.

Bei der BBC hu se sech beschwéiert, di missten direkt eppes dogéint ënnerhuelen. Wou sinn d'Techniker? Sou schlëmm war et nach ni... Eng weider immens Virstellung vun der BBC!

Glécklecherweis hunn awer och puer Leit net ze laang an der Sonn gesiess a mat Humor op des ongewéinlech Kriticke geäntwert.

Ee Fan huet gemengt, sech bei der BBC driwwer ze beschwéieren, dass d'Hallschent vum Terrain am Schiet läit, erënnert mech drun dass mir als Natioun einfach näischt Guddes verdéngt hunn.

E bekannte Sportjournalist war süffisant mat senger Remark, dass d'BBC da wuel dru Schold misst sinn, dass d'Sonn schéngt.

Haut den Owend spillen d'Three Lions géint Schottland. Um 9 Auer gëtt ugestouss - do misst d'Sonn jo da scho bal hannert de Bierg sinn. Hoffentlech gëtt et munche Fans da net rëm ze däischter...