Haut de Moie gi mer an ee vun den eelste Lycéeën aus dem Land, deen iwweregens och dëst Joer e flotte Gebuertsdag feiert. Mir hunn eiser RTL Reporterin haut op de Lampertsbierg geschéckt, an du interesséiers dech fir d'Ausbildung am Handwierk a Konschthandwierk, Michèle Schons?

08/07/2021 Am LAM: D'Geschicht vun der Handwierkerschoul
RTL

© miSchons

125 Joer gëtt et d'Handwierkerschoul elo, eng Schoul mat enger grousser Geschicht, si huet sech vun enger Schoul, wou haaptsächlech Konscht als Handwierk ënnerriicht ginn ass, zu enger ganz moderner Schoul entwéckelt, déi am Laf vun de Joren ëmmer nei Formatiounen erfonnt an offréiert huet.

RTL

© miSchons

Et gëtt probéiert fir ëmmer méi Brécken vun där enger op déi aner Ausbildung eriwwerzebréngen. Wéi den Numm et scho seet: Arts, et ass déi Schoul mat där gréisster Offer vu Konschtformatiounen, an da gëtt et nach de Métiers, wou d'Electro, d'Mécanique, d'Informatik, den Décorateur an d'Artistique mat erageholl ginn.

RTL

© miSchons

Am Arts et Métiers kann ee souzesoen seng Passioun, säin Hobby zum Beruff maachen. Interessant ass och dass déi Beruffer reegelméisseg geupdate ginn, d'Digitalisatioun ass hei e grousse Volet, ma och de Mënsch gëtt an de Mëttelpunkt gesat, esou dass hien sech mat der Technik, mat de Positiven esou wéi och den Negative Saachen ausernee setze kann.

Den Arts et Métiers ass iwwert déi lescht Joers vill gewuess, mëttlerweil besichen 1800 Schüler d'Schoul op dräi verschidde Sitten an hei schaffen eng 350 Enseignanten.