Eis RTL Reporterin, d'Michèle Schons ass de Moien zeréck an ee vun den eelste Lycéeën am Land, an zwar eis Handwierkerschoul um Lampertsbierg. Mir si scho gewuer ginn wat een am Arts et Métiers alles studéiere kann, a wéi een seng Passioun zum Beruff maache kann, ma elo gëtt Gebuertsdag gefeiert, Michèle?  

08/07/2021 Am LAM: 125. Anniversaire

D'Feierlechkeete vum 125ten Anniversaire si mat enger Ausstellung am Tramsschapp agelaut ginn, wou de Kënschtler Edmond Oliveira mat de Schüler an den Enseignanten eng interdisziplinär Multimedia Ausstellung opgebaut huet, déi d'Schoul weist.

RTL

© miSchons

Hei krut een net nëmmen en Abléck wéi d'Schoul funktionéiert, d'Schüler kruten och eng Offer mat Partenariater mat der Stad Lëtzebuerg an de Kulturinstitutiounen fir hinnen ze weise watfereng Beruffer a Méiglechkeeten se herno hunn.

RTL

© miSchons

Geplangt sinn elo nach am Kader vun de Festivitéiten d'Ausstellung am Tunnel am Gronn, Figures Humaines, wou Schüler vu sämtleche Joren ausgestallt hunn vu Schüleraarbechten, d'Publikatioun vun engem Buch mat 125 Ancienen, wou interessant Parcoursen beliicht ginn, an als Ofschloss ass nach eng Séance Académique am Mäerz geplangt

RTL

© miSchons

Et ass dem Lycée Arts et Métiers wichteg, dass d'Schoul net als Boule gesi gëtt, ma fir och de Schüler ze weise wéi d'Liewen dobaussen ass, an dass och eng Rei Enseignanten och vun hei kommen, elo no enger Zäit an hirem Beruff erëm zeréck sinn, fir als Enseignant deenen Nächsten eppes mat op de Wee ze ginn.