
© Pixabay
Elo am Summer deet et richteg gutt wann ee sech e kaalt Gedrénks bestellt, mengt een. De Jus, de Softdrink oder de Cocktail mam Äis killt net esou ewéi mer dat gären hätten.
Natierlech dierf ee säi Gedrénks esou drénken wéi et engem schmaacht, dat ass kee Problem, Dr Marc Keipes:
"Kloer dierf een, also dat bréngt ee net ëm. Ob et hëlleft, dat ass éischter déi richteg Fro. Déi Fro kréie mer oft gestallt. An effektiv ass et esou, dass wann ee grouss Quantitéite Kales drénkt, da kämpft de Kierper eigentlech e bëssen dogéint, well e muss déi Flëssegkeet jo erëm ophëtzen fir se op 37 Grad ze bréngen. Also produzéiert en e bëssen Hëtzt."

© Pixabay
Also schweesse mer nach e bësselche méi. Dat selwecht geschitt iwwregens wa mer ganz waarm drénken. Also wier eppes aus der Mëtt net schlecht?
"Ech versti ganz gutt, ech selwer drénken och net gär wotlecht Waasser an der Meenung mech do ofzekillen, mä dat ass héchstwarscheinlech méi wierksam. An der indescher ayurvedescher Gesondheetsléier gëtt am Fong gesot dass ee soll wotlecht Waasser drénken an dass dat am Fong méi effikass wier."

© Pixabay
Äiskaalt Gedrénks ass iwwregens och näischt fir Leit, déi souwisou scho méi sensibel sinn. och ze séier drénken sollt een op der Säit loossen oder vill ze vill mateneen, dat kéint zu Problemer mam Mo a mam Daarm féieren.
Waasser an Téi ouni Zocker sinn ideal, am Beschten och net ze séiss.